Seniors 1: Revue vum Derby (+ Fotogalerie)


09 October 2018

 FC Berdenia Berbourg - CS Grevenmacher 0-2

 
Viru ronn 270 Zuschauer war et insgesamt e Match op engem ganz bescheidenen Niveau. Op Berbuerger Säit konnt de Matchplang fir defensiv kompakt ze bleiwen schon an der 1. Minutt iwwert de Koup gehäit ginn wéi Maacher direkt mat 0-1 a Féierung gaangen ass, an dat well eis Defense nach net wakreg war. Duerno gouf et an der éischter Halschend eigentlech keng richteg Goalchance méi op beiden Saiten. Allerdéngs haten déi Orange och keen Zougrëff op d'Spill a sinn dem Ball gréisstendeels hannendru gelaf.
 
An der zweeter Halschend daat selwecht Bild. Bis op eng Ausnahm wou Maacher sech eng Kéier schein iwwert d'Säit duerchgespillt huet an de Stiermer eng gudd Flank op d'Laat käppt. Vun do sprengt de Ball dem Vincent Sauber onglécklech widert d'Scheller sou datt de Stiermer am Nosetzen den 0-2 maache kann. Duerno huet Berbourg bessen mei offensiv agéiert ouni grouss Gefor auszestrahlen. Eng Ausnahm war een Schoss/Flank vum Daniel Contrino deen op der Laat geland ass. Insgesamt also verdéngten 3 Punkten fir den ongeschloenen Tabelleleader woubäi erfierzehiewen bleift dass Berbourg duerch Verletzungen vun Schulz, Maurer an Habscheid virun an am Ufank vum Match op sain gesamten Mettelfeld huet missten verzichten sou datt et vun Ufank un extrem schwéier war. Onnéideg war kuerz virun Schluss nach dem Charel Weidert séng giel-roud Kaart.
 
Nächste Weekend geet et dann géint Bettembourg. OPGEPASST: op Ufro vu Bettembourg ass d'Heemrecht getosch ginn sou dass mer lo doheem spillen an an der Réckronn auswärts.