Seniors 1: Remis am Derby


22 October 2020

FC Jeunesse Junglinster - FC Berdenia Berbourg 2-2
 
Vun Ufanks un konzentréiert sech Berbuerg haaptsächlech op d'Defensiv, steet gutt a léisst net vill zou. No viir ass net vill lass, ausser e stramme Schoss aus der Distanz vum Jakub Jarecki, deen de Goal awer e gutt Stéck verfehlt. An der 24. Minutt geet den Achmed Boussi iwwer riets, gëtt awer geblockt. Den uschléissende Korner land rëm beim Achmed Boussi deen aus 20 Meter mam lénkse Fouss an de laange Wénkel trëfft. 0-1 fir déi Orange! Bis d'Paus mecht Lënster weiderhinn de Match an huet virun allem Standards rondrëm de Strofraum oder probéiert et mat Wäitschëss, déi awer net cadréiert oder ze harmlos sinn. Berbuerg suergt mat der eng oder aanerer schneller Aktioun no viir fir bëssen Entlaaschtung, kënnt awer net bis virun de Goal.
 
No der Paus zéiht Jonglënster nach eng Kéier den Tempo un fir de Match ze dréihen. Vill Ballbesëtz an eng ganz Partie Chancen bréngen hinnen Ufanks awer näischt. Dobäi huet och eise Keeper Luc Cattazzo an der 50. op der Linn an an der 55. Minutt am 1 géint 1 missen in extremis agräifen. An der 64. Minutt flitt eisen defensiven Brian Yongo mat giel-rout vum Terrain, 1 Minutt drop geléngt dem Géigner den 1-1 Ausgläich an nach 1 Minutt méi spéit suguer den 2-1 Féirungstreffer. Duerno schéngt Jonglënster seng Pflicht erfëllt ze hunn a sou kënnt Berbuerg fir d'éischte Kéier richteg an de Match, kënnt zu méi offensiven Aktiounen. Kuerz viru Schluss hällt de Luc Cattazzo eis op eneits géint 2 géigneresch Stiermer am Match. A sou kréie mir an der 90. Minutt en Eelefmeter zougesprach, no enger Noutbrems um Nicolas Jakob, deen de Jakub Jarecki zum 2-2 Endstand verwandele kann.
 
An engem schwéiere Match, wou de Géigner iwwer wäit Strecken kloer dominéiert huet, hunn eis Jongen misste vill Weeer maachen an hunn e gudden Asaz a phaseweis eng ordentlech defensiv Disziplin gewisen. Um Enn hu mir domat 1 Punkt am Derby zu Lënster - net geklaut - mee erkämpft!
 
Mir si Berbuerg!