Seniors 1: Pflichtaufgab zu Klierf erfëllt


10 September 2018

Fir d'Viirronn vun der Coupe de Luxembourg, huet eis éischt Equipe sech um Sonndeg bei den 3. Divisionnär Claravallis Clervaux an den Norde vum Land déplacéiert. Alles aanescht wéi eng kloer Victoire wier eng Iwwerraschung gewiescht. An sou huet et um Enn och 6-1 zu Gonschten vu Berbourg gestan, woumat et lo an den Haapttableau vun der Coupe geet.

Allerdengs war Berbourg net gutt an de Match komm an ass an der 12. Minutt direkt äiskal erwëscht ginn. No engem Fehler vun eisem Keeper, gëtt et Penalty, deen déi Klierfer zum 1-0 kënne verwandelen. An der 22. Minutt geléngt dann awer den Ausgläich duerch den Ibrahim Diop. Dëst sollt och d'Halbzeitresultat sinn. Déi éischt Halschent huet Berbourg sech ganz schwéier gedoen op engem gudden Terrain, konnt net wierklech d'Spill opbauen a konnt och just vereenzelt Chancen erausspillen, déi awer meeschtens an oder iwwert dem Fangnetz geland sinn.

Kuerz no der Halschent spillt Klierf dann nëmmen nach mat 10 Mann wëll no der Verletzung vun engem Spiller keng Auswiesselspiller méi do sinn. Dëst sollt Berbourg schlussendlech hëllefen. An der 58. Minutt kann de Kylian Chalumeau den erléisenden 1-2 fir Berbourg schéissen. Lo war de Knuet geplatzt a Berbourg kann géint en déziméierte Géigner (zum Schluss nach just zu 8 um Terrain) mat kengem groussen Opwand weider Goaler schéissen. 63. Minutt 1-3 Mortiz Habscheid, 70. Minutt 1-4 Kylian Chalumeau, 82. Minutt 1-5 Dany Leconte, 86. Minutt 1-6 Philipp Galle. 

Berbourg gewënnt also däitlech mat 6-1, insgesamt war et awer eng schwaach Berbuerger Leeschtung mat wéineg Idee'en iwwer déi 90 Minutten. An der 2. Halschent konnten d'Jongen ëmmerhinn 5 Goaler schéissen, och wann zum Schluss hinn ëmmer manner Géigespiller um Terrain stoungen. Fir déi kommend Matcher am Championnat an an der Coupe muss d'Equipe vum Patrick Zöllner awer wuel nach déi eng oder aner Schëpp drop leen.