Seniors 1: Out an der Coupe FLF no Eelefmeterkrimi


29 August 2019

Out an der Coupe FLF no Eelefmeterkrimi

 
The Belval Belvaux - FC Berdenia Berbourg 3-3 (18-17 n.E.)
 
No der Optaktnéierlag am Championnat virun e puer Deeg, ware mer op Bieles bei den Zweetdivisionär ugereest fir en Tour weider ze kommen. Allerdengs konnt een dest schonn an der 4. Minutt a Fro stellen, wei Bieles per Korner a Kappball mat 1-0 a Féirung gaangen ass. Berbourg probéiert allerdéngs direkt rem ze egaliseieren. Als éischt mat engem gudde Schoss vum Kylian Chalumeau aus 25 meter, deen nach knapp derlaanscht gaangen ass. An der 14. Minutt mecht de Rayan Rafdy et besser, a kann en Zouspill vum Asahi Watanabe zum 1-1 erasetzen. No jeweils engem ganz geféierleche Fräistouss op béide Säiten, kann den Hide Kawamura an der 25. Minutt e richteg schéine Goal mam lénks Fouss vum Eck vum 16er an de laange Wenkel markéieren. Berbuerg huet de Match also gedréiht a féiert mat 2-1, opwuel Bieles bis zu desem Zaitpunkt mei vum Spill hat. 10 Minutten mei speit kann Bieles no Foul vum Steven Baskewitsch op 11m rem ausgläichen. An nach 5 Minutten méi speit bal den 3-2 fir Bieles, ass awer wéinst Abseits net unerkannt ginn.
 
An der zweeter Halschent fällt dann awer den 3-2 fir Bieles, dest no engem Aworf op der Mettellinn an enger, wei scho sou oft bemierkten, ze lueser Verteidegungsbewegung vu der ganzer Equipe. An der 66. Minutt packen mer er dann nach eng Kéier auszegläichen, duerch e Schoss aus 16m vum agewiesselten Imran Rafdy. Lo geet et hinn an hier - den agewiesselten Tom Maurer gett dem Berbuerger Spill lo méi Stabilitéit. An der Schlussphase sollt dann och näischt méi passéiere. No 90. Minutten steet et 3-3 glaich an d’Verlängerung brengt dem Match och net vill Entscheedendes, sou dass et direkt an den historeschen Eelefmeterkrimi geet. Béid Equippen sinn zimmlech treffsecher, a sinn emmer gläichop. Zweschenduerch sinn op béide Säiten just 3 Penaltyen verschoss ginn, dofir awer sage und schreibe 14 Stéck verwandelt ginn, woubäi um Enn Bieles déi beschten Ausdauer hat an ee méi konnt erasetzen, sou dass mir mat 18-17 verléieren an domat aus der Coupe FLF ausscheeden.
 
E Sonndeg geet et weider am Stade Renert wa mir um 16h00 den FC Avenir Beggen empfänken. Wiedergutmachung ass hei gefrot... Allez Berbuerg!!!