Seniors 1: Onglécklech Néierlag an der Coupe


23 September 2019

FC Berdenia Berbourg - FC Wiltz 71 2-3

De Match ass direkt rasant ugaangen. Berbuerg haat ugangs Problemer mam defensiven Emschalten a sou ass et och direkt zu zwou Grousschancen fir d'Gäscht komm. De Joe Reuter, deen insgesamt e gudden an aarbeschtsräichen Dag haat, konnt de Goal awer nach propper haalen. Lues a lues hu mir eis awer un den Tempo gewinnt a waren besser am Match. Sou si mir virun der 10. Minutt zu eise Chance komm. Méi spéit, an der 22. Minutt war et de Rayan Rafdy deen alleng op de Goal gaangen ass an de Keeper mat engem feinen Chip iwwerlupft huet. De Ball geet Richtung Goal, gëtt awer am leschte Moment vun engem Verteideger op der Linn geklärt. Kuerz drop gëtt e Schoss vum Moritz Habscheid vum Keeper ofprallen gellooss an dem Achmed Boussi säi Kappball geet nëmmen e puer Zenitmeter iwwert d'Lat. Berbuerg ass lo also am Match, mee déi Wëltzer zéihen hiert Tempospill duerch. A sou kommen och si zu enger Reih Chancen, wou de Joe Reuter rëm e puer mol agräife muss. An der 35. Minutt schéissen d'Gäscht e Fräistouss an d'Mauer déi op der Linn vum 16er steet. Den Arbitter huet an der Mauer en Handspill gesinn, an zum Erschrecken vun deenen Orangen op den 11m-Punkt gewisen. 0-1 fir Woltz. Virun der Halschent war et och nach baal den 0-2, mee de Joe Reuter huet de strammen Distanzschoss nach gutt aus dem Eck gefëscht an domat den 0-1 bis an d'Paus gerett.

No der Halschent war et méi en zerfuerene Match, deen sech virun allem am Mëttelfeld ofgespillt huet ouni Chancen op béide Säiten. An der 59. Minutt gëtt den Hideyuki Kawamura op lénks geschéckt, deen setzt sech gutt duerch an zéiht an de 16er eran, zéiht flaach oof an de Ball geet nëmmen knapp laanscht de laange Potto. Berbuerg gëtt lo ëmmer besser an ass amgaangen d'Spill an d'Hand ze huelen. D'Zuschauer spieren daat a dreiwen d'Equipe no viir. An der 65. bleift e flaache Fräistouss vum Moritz Habscheid nach um Keeper hänken. An der 70. Minutt ass et dann awer souwäit. De Moritz Habscheid gëtt op lénks geschéckt a leet de Ball an d'Mëtt wou de Rayan Rafdy alleng virum Goal steet an zum 1-1 Ausgläich erasetze kann. Lo sinn déi Orange um gaangen deene Wëltzer de Schaum vum Béier ze huelen. Berbuerg ass lo richteg gutt dran a kann nëmmen zwou Minutten drop d'2-1 Féierung erzielen, duerch e sehenswäerte Schoss vum Hideyuki Kawamura an de laangen Eck. De Stade Renert war aus dem Häischen, an d'Sensatioun loung an der Loft. Et konnt een sech awer och nach op eng heiss an hektesch Schlussvéirelsstonn astellen. Wooltz huet lo natierlech alles versicht fir de Score nach ze dréihen. Sou och an der 81. Minutt mat enger Aktioun an eisem Strofraum wéi hiere Stierme an engem Zweekampf zu Buedem geet, opwuel de Ball scho laang geklärt war. Allt neess huet den Arbitter de Berbuerger kee Gefaale gemaach an op eneits op den 11m-Punkt gewisen. Daat war den 2-2 Ausgläich an zugläich de Knécks an de Moral vun eiser Equipe. Nëmmen zwou Minutten drop ginn d'Gäscht mat engem Sonndesschoss aus gutt 25 Meter rëm mat 2-3 a Féierung. Duerno war de Match gelaf a sou ass eng gudd a couragéiert Leeschtung géint den Tabellenzweeten aus der Eirepromotioun um Enn leider net belount ginn.

Mir si Berbuerg!!!