SENIORS 1: Nach ëmmer kee Punkt


16 September 2018

Union 05 Kayl-Tetange - FC Berdenia Berbourg 3-1

 An der 5. Minutt gëtt et direkt déi éischt gutt Geleegenheet fir Kayl-Tetange. De Ball kënnt hannen an d'Achse, mee eise Keeper kann op 10-11 Meter de Ball ofblocken. Zwou Minutte méi spéit rabbelt et dann awer am Berbuerger Goal, op Konter hinn deen vum Géigner gutt rausgespillt ginn ass. Duerno huet Berbuerg séng éischt Chance vum Match, de Philppe Galle kann dem Kylian Chalumeau säi Fräistouss allerdéngs net gutt mam Kapp plazéieren. Och duerno schwëmmt Berbourg weider hannendrann, mat ville Ballverloschter an der Mëtt an e puer gudd Geleegenheeten fir Kayl-Tetange. An der 29. Minutt huet den Daniel Contrino eng 100% do leien, mee schéisst de Ball awer derlaanscht. Duerno geet e Kayler Fräistouss op de Poteau. Kuerz virun der Paus, huet och Berbuerg eng gutt Fräistoussgeleegenheet aus 30 Meter, mee dem Gustav Schulz säin schéinen Direktschoss gëtt vum Keeper gehaal.

No der Paus geet et direkt Schlag op Schlag. 49. Minutt 2-0 an 55. Minutt 3-0 mat engem Lob aus iwwer 40 Meter. An der 78. geléngt Berbourg nach just den Uschlosstreffer per Eelefmeter. 3-1 vum Philipp Galle.

Fazit: D'Equipe kritt et nët hinn eng adequat Reaktioun op de Clierf-Match ze weisen a spillt weiderhinn ouni absoluten Wëllen an ouni Equipegeescht. Kayl-Tetange huet déi 2. Halschent ee Gang rofgeschallt, mee Berbourg huet et weder färdeg bruecht säi Spill opzebauen nach Goalchancen erauszespillen.