SENIORS 1: Mësslongenen Optakt


16 August 2021

FC Blo-Wäiss Medernach - FC Berdenia Berbourg 3-2

Miedernach war vun Ufanks un méi aktiv am Match an huet ëmmer rëm d'Spill vun hannen eraus  opgebaut. Eis Berbuerger Jongen waren oft e Schrëtt ze spéit sou dass de Géigner zu enger Reih Chancen komm ass. Sou och an der 21. Minutt, wéi e laange Ball op den 2. Potto kënnt an eise Keeper an eis Ofwier net direkt reagéieren a sou den 1-0 fir d'Haushären zougelooss hunn. Beim 2-0 an der 27. Minutt a beim 3-0 an der 35. Minutt huet eis Ofwier op eneits keng gutt Figur gemaach, Miedernach ka sech bis virun de Goal kombinéieren an duerch eis Ofwier spazéieren a léisst eisem Keeper 2 mol keng Chance.

Déi zweet Halschent sollt et awer aanescht goen. Berbuerg huet no der Paus säi Rythmus fonnt a kann endlech och mol no viir fir Gefor suergen. An der 55. Minutt bréngt de Yanick Kissi e Fräistouss virun de Goal, den Ofpraller land beim Georgy Courbera deem säi Schoss awer just op de Potto geet. Kuerz drop geet e Volleyschoss vum Vince Scholl net wäit laanscht de Goal. An der 76. Minutt ass et rëm e Fräistouss dee geféierlech gett. Dës Kéier bréngt de Mo Habscheid de Ball virun de Goal wou den Adriano Ferraz säi Fouss just brauch dohinn ze halen fir zum 3-1 eranzesetzen. An der 84. Minutt verkierzt de Vince Scholl nach per Eelefmeter op 3-2 an duerno dréckt Berbuerg nach op den Ausgläich. D'Zäit sollt allerdéngs net méi duergoen, sou dass mir fir den Optakt keng Punkten vu Miedernach mat heem huelen.

Kuckt iech de Match nach eng Kéier an der RTL Live Arena am Replay un.

Nächste Sonndeg geet et weider mam éischten Heemmatch géint Weiler.

#MIRsiBERBUERG