Seniors 1: Maximal Punkten mat minimalem Opwand


11 November 2018

FC Berdenia Berbourg - Sporting Bertrange 1-0

 An der Ufanksphase ass Berbourg méi aktiv wéi de Géigner, mat vill Tempo an Aggressivitéit. Déi richteg gutt Chancen bleiwen allerdéngs aus. Bartréng ass mat senger eenzeg gudder Aktioun vun der éischter Halschent am 1 géint 1 un eisem Keeper hänke bliwwen. Zum Schluss vun der éischter Halschent passéiert net méi vill, den Ufankselan hëllt of, a Berbuerg kann trotz ville Corneren an der liichter Iwwerhand näischt Zielbares mat an d'Paus huelen. Bis dohinn keen wierklech gudde Match vu béiden Equippen.

Nom Téi dann weiderhinn en ähnlecht Bild. Berbuerg mat méi Ballbesetz awer ouni Chancen. An der Schlussvéirelsstonn ginn och d'Gäscht op eemol waakreg an drängen eis Jongen zu eng Reih klenge Feeler. Duerch dësen Changement am Optrieden vum Géigner bidden sech lo och méi Räim fir Berbuerg. A sou geléngt et och 5 Minutte viru Schluss fir den 1-0 Siegtreffer ze markéieren. Den Daniel Contrino, deen och an de leschte Matcher schonn deen een oder aanere Goal gemaach huet, kann och an dësem Match rëm déi voll Punktzuel fir den FC Berdenia secheren. Bravo a weider sou! Mir si Berbuerg!!!