Seniors 1: Last Minute Lucky Punch 


15 October 2018

FC Berdenia Berbourg - SC Bettembourg 1-0

 An der Ufanksphase kënnt Bettembourg besser an d'Spill a ka sech ënner aanerem eng gudd Kappballsituatioun erausspillen, awer net markéieren. Berbourg muss fréih wiesselen, an dëst no enger Verletzung vum Kylian Chalumeau, deen duerch de Rayan Rafdy ersat gett. Bettembourg ass weiderhinn liicht besser, mee Berbourg kann sech awer lues a lues mat eenzelnen Aktiounen no viir weisen. Bis d'Halbzeit ass et kee gudde Match, et ginn net vill Goalchancen, just den Daniel Contrino op Berbuerger Säit huet de Keeper eng Keier mat engem Wäitschoss gepréift. 

An der zweeter Halschent kennt Berbourg dann besser an de Match, och ënnerstëtzt vum Géigner deen séng Aktiounen net konzentréiert op en Enn spillt. Zum Schluss hinn ginn d'Jongen an orange endlech wakreg a se trauen sech méi zou. Mee och wann déi géigneresch Ofwier wackelt, brénge sie et net färdeg bis geféierlech virun de Goal ze kommen. Kuerz virum Schlusspëff sollt et der Berbourger Equipe dann awer nach geléngen de Goal ze maachen. De fréih agewiesselten Rayan Rafdy kann d'Freed op Berbourger Säit perfekt maachen. 

An engem schlechte Match kann Berbourg e richtege Lucky Punch landen. Déi 3 Punkten si gutt fir d'Moral an erlabt et kuerzzäiteg aus dem Tabellekeller erauszeklammen, och wann d'Gefor no ënnen nach ëmmer akut ass. Lo musse mer de positive Schwong mat an den nächste Match géint Schifflange huelen, och wann daat alles aanescht wéi e Selbstläufer gëtt. Allez Berbuerg!!!