SENIORS 1: Keng Chance géint den Tabelleleader


28 September 2020

FC Berdenia Berbourg - US Esch 0-3
 
Um Sonndeg hate mir den Tabelleleader vun Esch zu Berbuerg am Stade Renert op Besuch. Bäi reenereschem Hierschtwieder ass eisem Géigner eng gutt Halschent duer gaangen fir eis ze bezwéngen. Spilleresch en Téck méi clever, huet d'US Esch an der 16. Minutt de Score opgemaach an den 0-1 markéiert. Nëmmen 2 Minutte méi spéit haten déi Berbuerger awer och schonn gejubelt a mam Ausgläich duerch den Jakub Jarecki gerechent. Allerdéngs ass de Goal wéinst Abseits net unerkannt ginn. A sou huet d'US Esch hiert Spill duerchgezunn an no 37 Minutten den 0-2 an no 43 Minutten den 0-3 gemaach. Daat ass hinnen duer gaangen, well déi zweet Halschent huet eise Géigner nach just daat néidegst gemaach sou dass mir eisersäits och zu der eng oder aaner gudder Chance komm sinn. Déi beschte Geleegenheet hat hei den Achmed Boussi deem säi Schoss awer just un de Potto geet. De Ball sollt de Wee awer net an den Escher Goal fannen sou dass mir um Enn mat 0-3 géint en Tabelleleader verléieren, deen als eenzegen no 5 Spilldeeg nach kee Match verluer huet.
 
Nächste Sonndeg kënnt et dann fir Pappendag zum interessanten Derby zu Jonglënster.
 
Mir si Berbuerg!