SENIORS 1: Historesche Klassenerhalt 

SENIORS 1: Historesche Klassenerhalt 

FC Berdenia Berbourg - FC Red Boys Aspelt 3-0 
 - 
 Mam kloren 3-0 Erfolleg iwwer Uespelt ass de Klassenerhalt lo och rechneresch gesechert. En historeschen Evenement wann ee bedenkt dass den FC Berdenia Berbourg elo déi 8. Saison um Stéck an der éischter Divisioun wäert un de Start goen, waat bis lo an der Veräinsgeschicht nach nie de Fall war. 

De ganze Match iwwer haat Berbourg d'Kontroll iwwer de spilleresch limitéierte Géigner. Déi éischt Chance huet Berbourg no 5 Minutten, wéi e centre en retrait virun de Goal op den Daniel Contrino kënnt, deen awer de Ball iwwert d'Laat setzt. An der 9. Minutt dänzelt de Rayane Laouira zwee Geigner um 16er aus, mee säi Schoss aus der Distanz ass net platzéiert genuch. De selweschten Rayane Laouira probéiert et an der 25. Minutt nach eng Kéier aus der Distanz, nodeems den Daniel Contrino vun de Been geholl a Virdeel laafen gelooss ginn ass. Déi beschte Chance an der éischter Halschent huet Berbourg an der 29. Minutt, wéi de Manuel Kaufmann de Ball gutt duerch d'Ofwier stecht eraus op de Leandro Lopes, deem séng Flank fënnt hannen um zweete Potto de fräistoenden Ahmed Boussi, mee säi Schoss ka vum Keeper op der Linn paréiert ginn. 0-0 an der Halschent, Berbourg kloer mam Chanceplus, verpasst awer seng Chancen zwéngend op en Enn ze spillen an d'Goaler ze maachen. Zum Schluss vun den éischte 45 Minutten hat awer och de Géigner nach e puer Aktiounen waat eiser Ofwier zwar bessen méi Aarbescht awer keng Problemer bereed huet. 

Kuerz no der Paus probéiert de Sebastian Ting et direkt aus der Distanz, ouni Erfolleg. An der 55. Minutt dann eng schéin Aktioun iwwer lénks mat enger Flank op den zweete Potto wou den Ahmed Boussi an den Daniel Contrino fräistinn, den Daniel Contrino op de Goal zéiht an de Ball iwwert d'Laat donnert. Den erléisenden 1-0 fällt dann endlech an der 62. Minutt. No villem Hin an Hier, flankt den Danny Leconte vu riets op de Rayane Laouira deen et gekonnt färdeg bréngt fir de Ball iwwert de Keeper am laangen Eck ennerzebréngen. Kuerz drop an der 69. Minutt platzt beim Ahmed Boussi no eng Reih Matcher ouni Goal de berühmt berüchtegte Knuet. No enger schéi rausgespillter Aktioun leet de Sebastian Ting e retrait op den Ahmed Boussi deen ofzitt an op 2-0 kann erhéichen. Duerno kommen déck Chancen am Minuttentakt: 70. Pfostenkracher Rayane Laouira; 71. de Charel Weidert luusst mat engem Wäitschoss iwwert den opgeréckelte Keeper, deen nach just mat de Fangerspëtzten drukënnt; 73. den Ahmed Boussi geet alleng op de Goal a bleift um Keeper hänken. Den uschléissende Korner féiert dann zum 3-0 per Kappball vum Rayane Laouira an der 75. Minutt. No dëser Aktioun ass de Match gelaf, Berbourg muss net méi, Uespelt kann net méi. Eenzeg traureg nennenswert Aktioun an de Schlussminutten ass déi giel-rout Kaart vum Sebastian Ting, dëst no engem éischter harmlose Foul an nodeems hien schon an der éischter Halschent giel wéinst meckeren gesinn hat. Mecht awer näischt, Match gewonn, 3 Punkten, Klassenerhalt geséchert. Gléckwonsch un d'ganz Equipe an un d'Trainerteam, och wann et e puer Matcher méi laang gedauert huet wéi geplangt. 

Equipe: Joé Reuter, Leandro Lopes, Philipp Galle, Charel Weidert, Manuel Kaufmann, Sebastian Ting, Danny Leconte, Ahmed Boussi, Rayane Laouira, Daniel Contrino, Eric Galetto 
Reserve; Daniel Benner, Daniel Becker, David Schuster, Jaspar Göpel, Pit Wagner