SENIORS 1: Gudde Match ouni Zielbares


15 March 2018

FC Berdenia Berbourg - FC Mondercange 1-3 
An der Ufanksphase kann déi physesch an technesch staark Equipe vu Monnerech kloer d'Spill bestëmmen an huet och eng Reih Korneren a Goalchancen. Lues a lues kann Berbuerg sech awer besser op dem Géigner séng Dynamik astellen an defensiv besser zoustellen. An der 14. Minutt dann en éischten Opreeger, wéi Monnerech vun 20 Meter op de Goal schéisst, an de Joé Reuter réicht am Nogräifen de Ball knapp virun der Linn nach ze paken kritt. Eng Minutt méi speit dann eng séier Monnerecher Spillereröffnung iwwer lénks mat enger punktgenauer Flank an d'Mëtt wou de Stiermer ganz fräi steet a keng Méih huet fir zum 1-0 eranzekäppen. No 20 Minutten dann déi éischt Chance fir Berbuerg. E laange Korner kann de Keeper réicht am zweeten Ulaaf entschärfen. Duerno flaacht de Match bessen of, Monnerech huet seng ufänglech Dynamik verluer a Berbuerg kënnt emmer besser hannen raus mee kann awer keng zwéngend Aktiounen no viir spillen. An der 31. Minutt kann de Joé Reuter e stramme flaache Schoss am Strofraum gutt paréieren, d'Aktioun bleift awer geféierlech a gëtt schlussendlech vum Arbitter wéinst Abseits ofgepaff. Op der aanerer Säit dann e Fräistouss vum Sebastian Ting op hallef lénks. Eng ongewinnten kuerz Variant kënnt iwwert den Eric Galetto ze laang an ze onpräzis virun de Goal. 

No der Paus, geet déi eischt Chance dann op de Kont vu Monnerech. No engem verdächteg héiche Fouss vum Géigner, verléisst eis Ofwier sech op de Pëff vum Arbitter. Deen kënnt awer net a Monnerech spillt d'Aktioun aus a leet de Ball vu lénks virun de Goal wou de Stiermer nëmmen knapp verpasst. An der 58. Minutt, kënnt e Korner op en alleng geloossenen Monnerecher Stiermer, deen de Ball direkt op, awer net an, de Goal bréngt. Op der aanerer Säit préparéiert sech de Philipp Galle séng Schossgeleegenheet selwer, hien verlängert e Fräistouss als éischt mam Kapp fir duerno de Ball rem zréck ze kréien an aus der Distanz ofzezéihen - de Ball huet de Goal awer e gutt Stéck verfehlt. Berbuerg huet de Géigner lo besser am Grëff a kennt zu där eng oder aanerer gudder Aktioun. An der 68. Minutt dann déi bis dohinn beschte Chance fir eis Faarwen. Den Achmed Boussi gëtt op lénks fräigespillt, zéiht an de 16er ran, bleift awer um Keeper hänken. Den uschléissenden Korner gëtt ofgewiert a land beim Sebastian Ting um Eck vum Strofraum wou hien mat engem fantastesche Schoss iwwert de Keeper genau an de Wénkel kann zum verdéngten 1-1 markéieren. An der 80. Minutt hu mir dann suguer d'Chance a Féierung ze goen. Den Achmed Boussi mam centre-en-retrait op de Rayane Laouira, deem de Ball virum Goal awer duerch d'Been geet. Kuerz virun der läschter regulärer Spillminutt, nach eng riese Chance fir Monnerech. No engem Fräistouss, steet de Stiermer rem ganz alleng do a käppt nëmmen e puer Millimeter iwwert d'Laat. Den Arbitter weist 5 Minutten Nospillzäit un. Berbuerg versicht d'Resultat iwwert d'Zäit ze bréngen, huet awer gläichzäiteg och gemierkt dass no viir nach eppes méiglech ass. Deemno gëtt sech nët komplett op d'Defensivaarbescht konzentréiert sou dass Monnerech an der allerläschter Minutt den 1-2 schéisst. Direkt drop fällt och nach den 1-3 an den eidelen Goal nodeems de Joé Reuter bei der vermeindlech läschter Aktioun mat opgeréckelt war. 

Schued dass dëse Match mat enger Néierlaag op en Enn gaangen ass. No ufängleche Schwieregkeeten, hat Berbuerg säi Géigner an der zweeter Halschent gréisstendeels am Grëff. E Gläichspill wier duerchaus e gerechtfärdegt Resultat géint den Tabellenzweeten gewiescht. Schon e Sonndeg geet ët awer weider mam Duell zu Weiler. En avant! 

Equipe: Joé Reuter, Achmed Boussi, Dany Leconte, Ibrahim Diop, Manuel Kaufmann, Sebastian Ting, Eric Galetto, Philipp Galle, Rayane Laouira, Daniel Contrino, Suvad Spahic 
Reserve: Sam Faber, Fynn Falkenau, Chris Sauber, Nicolas Oswald, Leandro Lopes