SENIORS 1: Gläichspill zu Weiler


19 March 2018

FC Yellow Boys Weiler-la-tour - FC Berdenia Berbourg 1-1 
Genau wéi géint Monnerech ënnert der Woch, geet de Géigner direkt mat staarkem Pressing an de Match. Weiler krééiert sech sou eng Reih Hallefchancen a kënnt och e puer mol méi geféierlech virun de Goal. Op Berbuerger Säit kënnt an der Ufanksphase ze wéineg, sou dass et dann och folgerichteg an der 32. Minutt am Berbuerger Goal rabbelt. Vun der lénkser Weiler Säit kënnt eng Flank op den zweete Potto wou eise Verteideger net decisiv stéiere kann an de Géigner de Ball iergendwei ënner Kontroll bréngt an zum 1-0 an de Filet setzt. Bei Minusgraden hunn eis Jongen definitiv ze laang gebraucht fir op Betriebstemperatur ze kommen, well nom Géigegoal komme sie besser an de Match. Et ginn eng Reih gutt offensiv Aktiounen gespillt. An der 41. Minutt schénge mer dann och belount ze ginn. Eelefmeter fir Berbourg, no enger onduerchsichteger Aktioun huet den Arbitter op de Punkt gewisen. Den Achmed Boussi steet scho prett fir ze schéissen, mee den Arbitter beréit sech als éischt nach mat séngem Linieriichter an hëllt dorops hin de Penalty rem zréck a gëtt Ofstouss fir Weiler (www.penalty.lu or no penalty? dat ass hei d'Fro). D'Opreegung war awer nëmme vu kuerzer Dauer, a Berbourg kann an der 45. Minutt den Ausgläich maachen, dëst vum Dany Leconte op Viirlag vum Achmed Boussi. 

Déi zweet Halschent geet dann sou un wéi déi éischt opgehaalen huet. Berbourg kann de Schwong mathuelen an ass lo déi besser Equipe. No enger Reih Aktiounen ouni Gefor virum Goal, huet den Achmed Boussi an der 60. Minutt eng riese Chance fir eis Faarwen a Féirung ze bréngen, de Ball wëll awer net ragoen. 5 Minutten méi spéit dann en Opreeger op der aanerer Säit, wéi Weiler de Ball op d'Laat setzt. Duerno gëtt de Match e bëssen méi roueg, waat och secher eng Konsequenz vun de niddregen Temperaturen ass. Lo ginn et nëmmen nach vereenzelt Viirstéiss op béide Säiten. Kuerz viru Schluss dann awer nach eng quasi 100%eg Chance fir d'Haushären, mee och dës sollt glécklecherweis net ragoen, sou dass et beim ingesamt verdéngten 1-1 Endstand bleift. 

Mat Bléck op d'Punkten déi mir an de läschte Matcher geholl hunn ka secher keen zefridde sinn. Waat awer déi spilleresch Elementer ugeet déi phaseweis ze gesi waren, do léisst sech duerchaus drop opbauen. Wann déi ganz Equipe et färdeg bréngt d'Konzentratioun de ganze Match iwwer, a besonneg an der Ufanks- an an der Schlussphase, héich ze haalen waërte mir an de kommende Matcher géint eis direkt Konkurrenten an der Tabellen (Pafendall a Schëffléng) deen een oder aaneren big Point kënnen mathuelen. Allez Berbuerg!

Equipe: Joé Reuter, Manuel Kaufmann, Suvad Spahic, Ibrahim Diop, Eric Galetto (67. Chris Sauber), Leandro Lopes, Sebastian Ting, Pit Wagner (78. Yves Dahm), Dany Leconte, Achmed Boussi (90. Mike Carvalho), Rayane Laouira 
Reserve: Sam Faber, Chris Sauber, Mike Carvalho, Yves Dahm