SENIORS 1: Gläichspill no Spillofbroch


24 April 2018

FC Berdenia Berbourg – FC Red Black Egalité Pfaffenthal-Weimerskirch 1-1
 - 
 Berbourg kënnt direkt gutt an de Match an huet och e puer Chancen. No engem Korner an der 5. Minutt vum Daniel Benner kënnt de Rayane Laouira net richteg hannert de Ball a käppt driwwer. E puer Minutten méi spéit versicht den Daniel Benner et selwer mat engem Schoss aus 17 Meter, deen awer ze zentral op de Goal geet an de Keeper net a Bedrängnis brénge kann. An der 15. Minutt dann e schéine Spillzug iwwer riets, un deem séngem Enn eng gudd Flank vum Ahmed Boussi a Richtung Rayane Laouira kënnt, deen awer op en neits net richteg hannert de Ball kënnt an driwwer käppt. An der nächster Aktioun kënnt e geféierleche Fräistouss vum Daniel Contrino an de Strofraum wou de Charel Weidert am Gewulls un de Ball kënnt, mee leider laanscht den Goal schéisst.

Déi éischt geféierlech Aktioun fir de Pafendall ass dann an der 22. Minutt. No engem Fräistouss vun der Säit gëtt de Ball geféierlech Richtung Goal déviéiert a geet nëmmen knapp laanscht den zweeten Potto. Direkt am Géigenzuch fällt den 1-0 fir Berbourg. E laange Ball vum Philipp Galle gëtt vum Danny Leconte gutt dem Ahmed Boussi an de Laf verlängert, deen dovun profitéiert dass de géignereschen Verteideger ausrutscht an sou alleng kann a Richtung Goal lafen. Oneegennëtzeg leet hien de Ball virum Goal riwwer op de Rayane Laouira, deen aus 2 Meter zu der verdéngter Féierung fir eis Equipe trëfft.

An deene läschten 20 Minuten passéiert op deenen zwou Säiten virum Goal net méi vill. Vill einfach Ballverloschter am Mëttelfeld vu béiden Equipen, déi sech an dëser Phase vum Match neutraliséieren. Esou geet et mat engem mei wéi verdéngten 1: 0 fir eis an d’Paus.

No der Paus ass direkt déi éischt Aktioun fir Berbourg wou den Ahmed Boussi op Konter alleng Richtung Goal zitt, allerdéngs a läschter Sekonn nach vun engem Verteideger gestéiert gëtt. An der 50. Minutt gëtt e Schoss vum Daniel Contrino vum Goalkeeper paréiert. Duerno ginn et nach weider Chancen fir den FC Berdenia (60. Minutt Schosschance vum Daniel Benner per Volley, 64. Minutt verpassen den Daniel Leconte an den Eric Galetto de Ball an der Mëtt no enger gudder Flank vu riets).

Dem Red Black séng éischt richteg Aktioun an der zweeter Halschent ass dann an der 68. Minutt. Den Ofschloss mat engem Schoss aus gutt 30 Meter geet allerdéngs iwwert d’Fangnetz. Duerno ass Berbourg awer rem um Drücker. Dem Rayane Laouira séng Schosschance an der 75. Minutt gëtt vum Keeper um kuerzen Eck geklärt. 5 Minutten méi spéit huet de Charel Wieder d’Méiglechkeet fir mat enger 100%eger Chance de Sak zouzemaachen, mee hien bréngt et leider färdeg no engem gudde Fräistouss vu riets aus engem Meter laanscht den laange Potto ze käppen. Schued, wëll an der 85. Minutt kënnt ët dann wéi sou oft (ze oft) an dëser Saison. Mir maachen déi beschte Chancen vir net ran a kasséieren hannen domm Goaler. No enger Fräistoussflank vun der lénkser Säit bleift eis gesamt Verteidegung stoen a spekuleiert op Abseits. D‘Stiermer vum Red Black lafen an de 16m a stinn zu 4 Leit alléng virum Joé Reuter, deen mat engem Kappball géint de Laf chancenlos bleiwt.

Nom Ustouss, kënnt et dann och séier zu der Aktioun déi de ganze Match sollt an den Hannergrond stellen. No enger Flank vu riets kritt de géigneresche Kapitän de Ball un de Kapp a bleift um Buedem leien. De Match gëtt ënnerbrach, de First Responder vun der Gemeng Manternach ass zimmlech séier op der Plaz. Mam Helikopter gëtt de Spiller an d’Spidol geflunn, kann awer nach Owes mat enger schwéirer Gehirnerschütterung rëm heem goen. Desweideren ass och de Manuel Kaufmann mat der Ambulanz an d’Klinik gefouert ginn wou hien mat e puer Stëch gebutt ginn ass (no engem Zweekampf hat hien sech um Kapp verletzt an huet dowéinst schon méi fréih am Match missten ausgewiesselt ginn). Allenzwee Spiller wënschen mir eng gudd Besserung. Natierlech ass de Match no der Ennerbriechung vu méi wéi enger halwer Stonn vum Arbitter ofgebrach ginn – mam Endresultat vun 1-1 waat och sëcherlech sou wäert vun der FLF gewert ginn.  

Fazit vum Match: Gutt gekämpft mee oft ze ängstlech an ze vill onkonzentréiert am Spill no vir. Defensif mat ville vermeidbaren Foulspiller wouvun de Geigner letztendlech och profitéiere konnt.

Equipe: Joé Reuter, Leandro Lopes, Philipp Galle, Charel Weidert, Daniel Benner, Daniel Contrino, Manuel Kaufmann, Pit Wagner, Ahmed Boussi, Danny Leconte, Rayane Laouira
Reserve: Sam Faber, David Schuster, Eric Galetto, Jaspar Göpel, Ibrahim Diop