SENIORS 1: Gläichspill doheem géint Monnerech


06 September 2021

FC Berdenia Berbourg - FC Mondercange 0-0
 
An engem insgesamt ausgeglachene Match war et um Enn en 0-0 Gläichspill, waat fir eis Faarwen éischter eng Raritéit ass. Vun Ufanks un war et awer en dynamesche Match mat enger ganzer Reih gudde Kombinatiounen a Spillzich op béide Säiten. Geféierlech Aktiounen am Strofraum sinn et allerdéngs nëmme wéineg ginn an och d'Schëss waren oft net kadréiert. Während Berbuerg an der éischter Halschent méi Spillundeeler hat, waren et no der Paus d'Gäscht vu Monnerech déi liicht d'Uewerhand haten, bis kuerz viru Schluss wou mir nach déi eng oder aaner richteg gutt Chance haten fir de Match zu eise Gonschten ze entscheeden. Mee och wéinst dem gutt opgeluechte géigneresche Keeper (deen an der 85. Minutt direkt 3 mol an enger Aktioun paréiere konnt) sollt et net duer goen fir e Goal ze markéieren.
 
Sou bleift et bei engem gudden 0-0, a mir huelen e weidere Punkt mat an der Tabell wou mir lo mat 7 Punkten op der 7. Plaz leien.
 
E Freideg um 20h00 steet dann fir eis 2. Equipe e flotten Derby um Programm wann d'Union Mertert-Wasserbillig an de Stade Renert op Besuch kënnt.
 
E Sonndeg spillt eis 1. Equipe um 16h00 zu Bissen.
 
#MIRsiBERBUERG