SENIORS 1: Gläichspill doheem géint Beetebuerg


30 August 2022

FC Berdenia Berbourg - SC Bettembourg 1- 1 

Vill Zuschauer hunn den Wee bis op Berbuerg an d'Street Wheels Arena fir den éischten Heemmatch an der neier Saison fonnt.

Vun Ufanks un war et en dynamesche Match mat enger ganzer Rei gudde Kombinatiounen a Spillzich op béide Säiten. An der 2. Minutt huet eisen Keeper no engem Konter missten agräifen, fir en fréien 0 -1 ze verhënneren. An der 4. Minutt probéiert den Vincent Scholl et mat engem Distanzschoss. Béid Equippen spillen offensiv, ouni sech ganz kloer Goalchancen eraus ze spillen. Sou ginn d'Säiten mat engem 0-0 gewiesselt. 

An der zweeter Hallschent geet de Match sou weider mat villem Hin an Hier. No engem staarken Zouspill an den Laf scheitert den Camara M'Bappe an der 49. Minutt um Beetebuerger Keeper. An der 57. Minutt ass Berbuerg dann 0-1 hannen, nodeems Beetebuerg sengem Stiermer den Ball kuerz virun den Goal passt. Eis Jongen loossen den Kapp awer net hänken an spillen weider konzentréiert no fir. An der 63.Minutt steet den Jakub Jarecki no engem gudden Zouspill knapps am Abseits. An der 72. Minutt kritt Berbuerg dann en 11 Meter nodeems den Camara M'Bappe gefoult ginn ass. Dësen trëtt selwer un, an mëscht den Ball uewen lénks an den Eck.

Et bleift beim 1-1 a mir huelen e weidere Punkt mat an der Tabell wou mir lo mat 4 Punkten op der 4. Plaz leien.

Nächste Sonndeg geet et weider mam Derby zu Jonglënster.

#MIRsiBERBUERG