SENIORS 1: Gewënner vun der Coupe Albert Birgen zu Jonglënster

SENIORS 1: Gewënner vun der Coupe Albert Birgen zu Jonglënster

E Sonndeg huet den FC Berdenia Berbourg op eng Miniturnéier mat 3 Equipen zu Jonglënster Deel geholl. All Match huet 45 Minutten gedauert, woubäi Berbourg um Enn den Tournoi gewënnt nodeems déi Orange sech géint Bissen a Jonglënster behaapten konnten.
 
FC Atert Bissen - FC Jeunesse Junglinster 1-1
FC Berdenia Bebrourg - FC Atert Bissen 3-1 (Goaler fir Berbourg: Dahm, Schulz, Contrino)
FC Jeunesse Junglinster - FC Berdenia Bebrourg 0-0
 
D'Coupe si gestëft ginn vun der Famill Albert Birgen. Ween fréiher op Besuch zu Jonglënster um Fussballsterrain war, huet och den Albert kannt, hien war emmer do. Den Albert war nët nëmmen als Comitésmember an op diversen (Jugend-)trainerposten aktiv, mee hien war virun allem während laange Joren déi gutt Séil vum Veräin. Merci dem FC Jeunesse Jonglënster fir d'Invitatioun op dësen Tournoi.