Seniors 1: Gelongene Start an d'Réckronn


02 March 2020

Avenir Beggen - FC Berdenia Berbourg 2-3

No der Hironn, wou mir mat 26 Punkten duebel souvill Punkten geholl haten wéi déi Beggener, si mir u sech als Favorit an d'Stad gefuer. Allerdéngs ass den Optakt vun der Réckronn ëmmer spannend fir ze wëssen wou déi verschidden Equippe stinn.
 
Déi éischt Halschent war relativ ausgeglach, Beggen haat vläicht en Tick méi vum Match. Trotzdeem ass et den FC Berdenia deen duerch e schéine Goal vum Achmed Boussi an der 15. Minutt mat 0-1 a Féirung geet. Duerno hu mir hannendran net vill ubrennen gelooss, an trotzdeem kann Beggen duerch e gléckleche Goal an der 36. Minutt op 1-1 ausgläichen.
 
Déi zweet Halschent kënnt Beggen definitv besser an de Match. A sou kann d'Lokalequipe an der 56. Minutt och mat 2-1 a Féirung goen, dëst no enger Flank vu riets wou hiere Stiermer ganz alleng an der Mëtt steet a fräi erakäppe kann. Réicht an der Schlussphase bréngen déi Orange et fäerdeg duerch eng schéin Eenzelaktioun vum Hideyuki Kawamura aus dem Näischt auszegläichen. Hien setzt sech iwwer lénks duerch, geet an d'Mëtt a zéiht mat Riets of, de Ball geet un d'Lat, op d'Linn, nach eng Kéier un d'Lat, a schlussenlech an de Filet. Nëmmen kuerz drop fiert Berbuerg e schéinen Ugrëff iwwert de Rayan Rafdy,  deen den Achmed Boussi mat sengem zweete perséinleche Goal aus kuerzer Distanz vollende kann an eis Faarwen rëm mat 2-3 a Féirung bréngt. Fir d'Schlussminutten huet den Trainer Jorge Freitas defensiv gewiesselt fir de Viirsprong iwwert d'Zäit ze bréngen. Ausser enger brenzlecher Situatioun an der Nopsillzäit, déi vum Luc Cattazzo gutt paréiert gëtt, huet dëst och geklappt sou dass mir e gelongenen Réckronnenoptakt feiere kënnen. Ennert dem Strëch, vlaicht e bessen glécklech wann och net ganz onverdéngten 3 Punkten fir eis Faarwen.
 
Nächste Sonndeg ass dann den éischten Match am Stade Renert (um 16h00 géint Union Käl-Téiteng), wou d'Spiller an de Staff vun eiser éischter Equipe sech eppes Spezielles afale gelooss hunn. Verpasst daat nët a kommt kucken!
 
Mir si Berbuerg!