SENIORS 1: Gedeelte Punkten am Derby


20 September 2021

FC Berdenia Berbourg - FC Jeunesse Junglinster 0-0
 
Am Derby kënnt de Géigner vu Jonglënster besser an de Match an ass méi präsent. Den FC Jeunesse ka virun allem op Corner an op Wäitschëss déi eng oder aaner Kéier fir Gefor virun eisem Goal suergen. Berbuerg spillt gutt mat an huet och seng gutt Aktiounen, et spréngt awer keng däitlech Goalchance derbäi raus. Erviirhiewen kann een awer e Fräistouss vum Vince Scholl an der 36. Minutt. Säi Schoss säitlech vun der Strofraumlinn geet awer riicht op de Keeper, sou dass et mat engem 0-0 an d'Paus geet.
 
Déi zweet Halschent en ähnlecht Bild. Jonglënster steet kompakt a Berbourg versicht et oft mat laange Bäll. Béid Equippe komme lo allerdéngs just nach seelen geféierlech virun de géigneresche Goal. No enger Giel-Rouder Kaart an der 70. Minutt spillen d'Gäscht mat engem Mann manner. Si zéihen sech zréck a mir versichen d'Iwwerzuel ze notzen an Drock no viir ze maachen. An der 80. Minutt huet de Fortune Katalay nach déi beschte Chance, mee nodeems hien sech am Strofraum iwwer lénks gutt duerchgesat huet ass säi Schoss net plazéiert genuch. Zum Schluss sollt daat erhofften Derbyféiwer awer net méi wierklech opkommen. De Match geet roueg op en Enn. Sou ass et ënnert dem Strech e logescht a gerecht 0-0 Gläichspill.
 
Muer um Dënschdeg spillt eis 2. Equipe um 20h15 beim FC Mondercange. 
 
Nächste Sonndeg spillt eis 1. Equipe um 16h00 beim SC Bettembourg.
 
Nët vergiessen fir déi ganz Kleng tëschent 4 a 7 Joer: Schnuppertraining en Donneschdeg 23/09 (an och den 30/09) um 17h15 zu Berbuerg um Terrain! Kommt mat äre Kanner bis laanscht!
 
#MIRsiBERBUERG