Seniors 1: Et leeft (nach) net


20 September 2018

FC Berdenia Berbourg - FC Syra Mensdorf 1-2

 Am Heemmatch géint den Opsteiger vu Menster hat jiddereeen op den erhofften Emschwong gewaard. Allerdéngs sollten net nëmmen d'Zuschauer enttäuscht ginn, well no 8 Minutten hat et schonn an eisem Goal gerabbelt. An der 20. Minutt konnt de Géigner suguer op 0-2 erhéigen. Emmerhinn konnt de Kylian Chalumeau an der 24. Minutt nach op 1-2 verkierzen, fir auszegläichen oder suguer nach de Match ze dréihen ass et awer net duer gaangen.

Sou bleift et bei 0 Punkten no 4 Spilldeeg. Déi Berbuerger Equipe konnt iwwer wäit Strecken net iwwerzeegen an huet eng vun de miserabelsten Prestatiounen säit laangem gewisen.

E Samsdeg geet et géint Jeunesse Esch, wou definitiv muss eng aaner Astellung herrschen, a schon alléng den Numm vum Géigner misst schonn Motivatioun genuch sinn fir eng Reaktioun ze weisen a bis zum Schluss ze kämpfen.

De Matchball vum Match ass gestëft ginn vum Marie-Reine Crelo