Seniors 1: Erfollegräich no Verlängerung


29 October 2018

FC Berdenia Berbourg - FC Alisontia Steinsel 3-2 (n.V.) 

 Sécherlech keng einfach Aufgab hat eis Equipe e Sonndeg an der Coupe FLF virun der Broscht. Mat Steesel ass de souveränen Tabelleleader aus deem aanere Bezierk vun der 1. Divisioun op Berbourg komm. Entgéint allen Erwaardungen huet Berbourg sech awer mat vill Wëllen an deelweis schéinen Spillzich mat 3-2 no Verlängerung duerchgesat a steet domat am nächsten Tour vun der Coupe FLF. 

Den Trainer Jorge Freitas haat séng Jongen gutt op de Match agestallt a wollt de Favorit mat enger taktesch méi offensiver Opstellung an héijem Pressing iwwerraschen. Dëst ass och gelongen a sou huet de Rayan Rafdy, deen och schon an de läschte Matcher getraff hat, de Score an der 18. Minutt opgemaach. 1-0, daat war och schon den Halbzeitstand, nodeems Berbourg de Match während den éischte 45 Minutten kloer an der Hand hat. 

No der Paus konnt Steesel awer an der 67. Minutt ausgläichen. "Merde!" wéi eise Caissier richteg erkannt hat. D'Entsetzen war awer nëmme vu kuerzer Dauer, wëll an der 72. Minutt kann de Kylian Chalumeau Berbourg rem per 11m a Féierung bréngen. Och dëst sollt net allzelaang halen, wéi den erneiten Ausgläich an der 78. Minutt gefall ass. 2-2 also no der regulärer Spillzäit. Domat ass et an d'Verlängerung gaangen, an de lokalen Duerfcafé huet missten méi spéit opgemaach ginn. 

An den zousätzlechen 2x15 Minutten wollt Berbourg et nach eng Kéier wëssen. De Plang ass opgaangen an den Yves Dahm huet déi Orange an der 108. Minutt mat 3-2 op d'Gewënnerspuer bruecht. D'Schlussminutten waren nach bessen méi opreegend, mee um Enn sollt et awer duer goen fir de Favorit vu Steesel ze klappen an eng Ronn weider ze kommen.   

Ofschléissend kann ee festhalen dass d'Equipe eng ganz positiv Entwécklung geholl huet säit dem Trainerwiessel virun engem gudde Mount. Respekt a weider sou!!! Allez Berbuerg!!!