SENIORS 1: Eng Léierstonn


07 September 2020

Eisen éischten Auswäertsmatch an der Eirepromotioun sollt keng schéin Erfahrung ginn. D'Jeunesse vu Kanech huet vun Ufanks un séng Qualitéite gewisen, mat Vollgas ugefaang a proppere Fussball gespillt. Déi eenzeg offensiv Atkioun fir Berbuerg an der Ufanksphase war e Konter an der 15. Minutt iwwert Baskewitsch, Jarecki a Boussi deen awer um 16er gestoppt ginn ass. Duerno huet Berbuerg sech besser un de Rythmus gewinnt a spillt och mat. Mee op eneits weist de Géigner séng Qualitéiten andeems en mat sénger éischter richteger Chance an der 27. Minutt mat 1-0 a Féirung geet. De propper erausgespillten 2-0 an der 32. Minutt souwéi de souveränen 3-0 an der 37. Minutt hu leider net laang op sech waarde gelooss. Kuerz virun der Paus gëtt et suguer nach de 4-0 nodeems de Kanecher Stiermer sech konnt am 1 géint 1 duerchsetzen an eisem Keeper keng Chance léisst.
 
Déi zweet Halschent loosse mir de Kapp awer net hänken a stellen taktesch e bëssen ëm mat engem offensive Wiessel vum Fortune Katalay fir de Leandro Lopes. Berbuerg stoung lo besser an hat och déi eng oder aaner gutt Aktioun no viir. Trotzdeem ass Kanech iwwerleen a sicht den Ofschloss aus alle méigleche Positiounen. Meeschtens driwwer oder derlaanscht oder de Ball bleiwt um Vini Sauber hänken. Eng Kéier huet eise Keeper sech dann trotzdeem nach misste geschloen ginn, wéi hien kuerz viru Schluss de Ball net entscheedend déviéiere konnt.
 
5-0 Enstdand also. E Match wou Berbuerg definitiv säi Léiergeld bezuelt huet an trotzdeem nie opginn huet a bis zum Schluss mat Anstand a Kampf dergéint gehaal huet. Den Opstiegsaspirant vu Kanech ass dogéint sénger Favoriteroll méi wéi gerecht ginn, war maximal effektiv an huet séng Chancen äiskal genotzt.
 
Mund abputzen - weitermachen!
Mir si Berbuerg!