SENIORS 1: Endlech 3 Punkten géint Bartréng

DräiPunkteSelfie Foto vun Jorge Freitas



19 November 2017

An den éischten 20-25 Minutten spillt Berbourg gutt mat an huet méi Spillundeeleer, et ginn e puer gutt Aktiounen no viir, virun allem iwwer d'Säiten. Virum Goal fehlt et allerdéngs un der läschter Konsequenz. Bartréng ass an där Phase virun allem mat laange Bäll op Konter geféierlech.



An der 26. Minutt erobert de Manuel Kaufmann de Ball an der Defense, geet e puer Meter a probéiert mëtteg duerch d'Ofwier ze stiechen. Den Daniel Contrino kann de Ball glécklech mathuelen a sicht den Ofschloss vu gutt 20 Meter, deen awer däitlech laanscht de Goal geet.



Nemmen 2 Minutten méi speit setzt den Achmed Boussi sech gutt iwwer riets duerch a flankt vun der Goallinn op den 11er wou de Sebastian Ting fräi steet an Zäit huet fir zum Säitfallzieher unzesetzen. Dee geet an de Filet an domat ass et 1-0 fir Berbourg.



Direkt no der Halschent ass Berbourg nach net wakreg a kritt an der 46. Minutt den 1-1 geschoss. Knapps nom Ustouss gëtt eng Aktioun iwwer déi riets Berbourger Säit ageleed wou de Suvad Spahic eng laang Flank an d'Mëtt bréngt. De Ball geet iwwert de Keeper a fennt den Daniel Contrino, dee rem zréck flankt op den Achmed Boussi, deen um zweete Potto kann zum 2-1 annetzen.



An der 51. Minutt, bréngt Bartreng en éier harmlose Ball aus 20 Meter op de Goal. De Sam Faber kann deen net festhalen an déviéiert an de Korner. Dëse Korner ass net gutt geschoss, mee gëtt awer geféierlech sou dass de Stiermer an der Mëtt vun der Berbourger Passivitéit profitéieren an op 2-2 egaliséieren kann.



An der 65. Minutt gëtt e Berbuerger Konter iwwer lénks gutt ausgespillt. No villem Hin an Hier kennt de Sebastian Ting aus 20 Meter zum Ofschloss. De Keeper kann de Ball awer in extremis ënnert der Laat erausfeschen.



Zwou Minutten méi spéit geet den Achmed Boussi iwwer riets, fennt um kuerze Potto de Rayane Laouira, deen aus kuerzer Distanz awer nemmen laanscht de Goal käppt.



Déi läscht 20 Minutten kann Berbourg an der Iwwerzuel spillen. No engem Tackling vun hannen op den Achmed Boussi, kritt déi Bartrénger Equipe e Mann vum Terrain gesat. An der Uschlossszen, kennt rem eng Flank vun der Berbourger rietser Säit, déi de Bartrénger Verteideger ouni gréisser Bedrängnis an den eegene Goal zum 3-2 fir Berbourg erasetzt.



An de Schlussminutten ginn et nach e puer Opreeger op béide Säiten, woubäi Berbourg 2-3 gutt Chancen net notze kann. Quasi mam Schlusspëff vum Arbitter ka Berbourg de läschte Goal vum Match markéieren. Op Viiraarbescht vum agewiesselten Eric Galetto kann de Sebastian Ting d'Endresultat op 4-2 eropsetzen. Domat bleiwen déi 3 Punkten zu Berbourg... déi komme gutt sou kuerz virun der Wanterpaus.



Equipe: Sam Faber, Suvad Spahic, Ibrahim Diop, Daniel Benner, Charel Weidert, Manuel Kaufmann, Sebastian Ting, Danny Leconte, Daniel Contrino, Achmed Boussi, Rayane Laouira



Reserve: David Schuster, Chris Sauber, Nicolas Oswald, Joé Reuter, Eric Galetto