SENIORS 1: Eisen éischte Punkt


01 September 2020

No 72 Joer Veräinsgeschicht war et leschte Sonndeg endlech esou wäit. Den FC Berdenia Berbourg huet säin Debut an der Éirepromotioun ginn, an daat ausgerechent géint de Noper vun der UMW.

Dei éischt 25 Minutten gouffen vu Berbourg dominéiert, mat enger halwer Dosend Golchancen déi vun den Haushären net konnte genotzt ginn. Virun allem Contrino, Boussi an Lanchard stoungen alleng virum géignereschen Keeper an konnten eis Faarwen net an Féierung brengen. An der 25. Minutt huet d’ UMW quasi bei hierer éischter Aktioun no vir den 0-1 geschoss. En Konter deen iwwer dei riets Säit propper gespillt gouff ass de Berbourger zum Verhängnis gin. De Ball ass duerch eng schei Flank an de Strofraum komm, an gouf per Flugkäpper vum Stiermer schein eran gekäppt. Keng Chance an der Aktioun fir eise Keeper, deen bis dohinn nach keen Ball ze haalen haat. An der 27. Minutt huet Berbuerg hier bis dohinn gréisste Chance net eran gemaach. No engem fantasteschen Ball an d’ Deift vum Jarecki, steet de Katalay alleng virum Keeper, kritt de Ball awer net laanscht de Keeper. No deser Grousschance ass eis Equipe net mei am Match, an dei lescht Veirelsstonn vun der eischter Halschent geheiert kloer der UMW. An desen 15 Minuten huet den Sauber am Gol eis mat enger Reih gudde Paraden am Match gehaalen.

No der Paus ass Berbourg mat Vollgas aus der Kabin komm an haat sech virgeholl de Geigner mei heich ze pressen. Wei den Habscheid an der 53. Minutt mat giel-rout vum Steck huet missen goen, huet et vir dei Orange net mei esou gudd ausgesin. Bis dei 65. Minutt, huet d’UMW de Match domineiert, an och do huet de Sauber eis weider am Match gehaalen. Ab der 65. Minutt sinn eis Jongen duerch Kampf an Equipegeescht erem an den Match komm, an waren bis zum Schluss dei besser Equipe. Mat Chancen vun ënnert aanerem Katalay, Jakob an Jarecki huet sech Berbuerg ëmmer mei dominant gewisen an d’ UMW ass net mei aus der eegener Halschent eraus komm. An der 89. Minutt ass et dunn esou komm wei et huet missen kommen. Den Boussi setzt sech iwwer riets duerch, brengt den Ball an d’Mett un den Nicolas Jakob. Desen leet sech den Ball eng Kéier kuerz op an verwandelt zum 1-1 Endstand.

Am grousse Ganzen kann Berbuerg mam Punkt zefridden sin, och wann d’Gefill bleift, et wier mei drann gewiercht. E groussen Respekt un dei ganz Equipe fir dei gudd kämpferesch Leeschtung. Et ass secher net einfach zu 10 gengt esou eng erfueren Equipe wei d’UMW ze spillen. Nächsten Sonndeg sin mir op Besuch beim groussen Favorit vun Kanech. Mir hoffen och dann ob all äer Ennerstetzung.

Mir si Berbuerg!