Seniors 1: éischten Dräier am Minett


16 September 2019

Union 05 Kayl-Tetange - FC Berdenia Berbourg 1-3

An der Ufanksvéirelsstonn war Kayl-Tetange klar besser, ënner aanerem och wëll Berbuerg mat senger Dräierkett hannendrann nach net déi néideg Stabilitéit hat. Lues a lues ass et awer besser gaangen, a sou huet den Hideyuki Kawamura bëssen aus dem Näischt den 0-1 an der 20. Minutt gemaach. No engem Aworf kritt hien de Ball a setzt en per Dropkick vu gutt 20 Meter an de laangen Eck. Berbuerg ass lo méi stabil, de Géigner huet awer nach wie vor méi vum Match. An der 35. Minutt ass et de Kylian Chalumeau deen dem Achmed Boussi de Ball mat an de Laf gett, deen leet de Ball fest an d'Mëtt riwwer wou hien de Ren Anda fënnt fir op 0-2 ze erhéichen. Eng glécklech Féirung fir eis Faarwen zu desem Zäitpunkt, de Géigner notzt seng Chancen net, a mir kënnen aus 3 Chancen 2 Goaler maachen. Kayl-Tetange kann awer virun der Halschent nach mat engem Fräistouss aus 25 Meter op 1-2 verkierzen.

Direkt no der Paus trëfft den Hideyuki Kawamura nëmmen de Potto, éier an der 58. Minutt den 1-3 fir Berbuerg fällt. Per Konter iwwert d'Statiounen Imran Rafdy an Achmed Boussi, steet de Ren Anda op eneits goldrichteg an der Mëtt fir ze markéieren. Duerno steet Berbuerg stabil a léisst näischt méi ubrennen. Kayl-Tetange ass nach vereenzelt op Konter geféierlech, mee Goalchancen ginn et op béide Säite quasi keng méi. Sou bleift et um Enn no enger ganz gudder zweeter Halschent bei der dach verdéngter 1-3 Victoire an domat huelen mir ganz gären eis 3 éischt Punkten fir dës Saison mat Heem.

E Sonndeg geet et an der Coupe de Luxembourg doheem géint den FC Wiltz 71 aus der Eirepromotioun.

Mir si Berbuerg!!!