Seniors 1: Eirepromotioun Plaz 4!


14 September 2021

FC Atert Bissen - FC Berdenia Berbourg 1-2
 
Fir de 5. Spilldag sinn eis Jongen op Bissen gefuer fir 3 Punkten mat Heem ze huelen. Eisen
Géigner ass nach ongeschloen mat 8 Punkten aus den éischten 4 Matcher an d’Saison gestart! Bei schéinen Sonnegem Wieder an engem super Terrain waren Viraussetzungen gutt fir een schéinen an flotten Match ze gesinn.

An der Ufanksphase vum Match hunn sech béid Equippen bëssen ofgetaascht an hu probéiert an den Match ze kommen. Direkt bei der éischter richteger Aktioun virum Gol vun deenen Biissener konnten déi Berbuerger an der 12. Minutt zum 1-0 markéieren. No engem Corner vum Moritz Habscheid kennt den Georgy Courbera um 1. Potto zum Kappball an léisst dem géignereschen Golkipp keng Chance.

An der 18. Minutt war et den Moritz Habscheid deen den Fortune Katalay iwwert de lenken Couloir schéckt. Dësen spillt den Ball flaach virun den Gol wou den Rayan Rafdy aus 7-8 Meter um Golkipp scheitert. Déi Biissener probéieren mat méi Ballbesëtz bëssen Spill ze maachen, kommen awer net richteg virun den Berbuerger Gol, an probéieren et dowéinst e puer mol aus der Distanz, mee béi dësen Schëss war nach keen geféierlechen dobäi.

An der 40. Minutt gewënnt den Fortune Katalay op der Mëttellinn den Ball, spillt op de Vincent Scholl den mam Ball an Richtung 16er zitt. Säin Schoss gëtt nach ofgefälscht an Land doduerch knapp nieft dem Gol. Aus dem Corner ass keng Golchance fir déi Berbuerger erausgesprong.

An der 43. Minutt kommen déi Biissener dann fir éischte kéier Richteg virun den Berbuerger Gol, mee anstatt aus enger gudder Positioun ze schéissen, leet den Spiller den Ball nach emol queesch eriwwer wou en vun der Berbuerger Verteidegung gekläert gëtt. An der Nospillzäit vun der 1. Halschent hunn béid Equippen nach emol Chance een Gol ze markéieren. Fir éischt war et den Fortune Katalay den no engem vum Adriano Ferraz verlängerten Aworf zum Kappball kennt, dësen awer mat net genuch Drock hannert dem Ball placéieren kann. Kuerz drop waren et déi Biissener déi no engem Corner ganz geféierlech am Berbuerger Strofraum opgetaucht waren.

No enger gudder éischter Halschent ginn eis Berbuerger Jongen verdéngt mat enger 1-0 Avance an d’Paus. Déi besser Chancen waren op der Berbuerger Säit an den Géigner huet bei der eng oder anerer Aktioun matgehollef well en déi falsch Decisioun virum Gol geholl huet. No der Paus probéiere béid Equippen direkt rëm an den Match ze kommen. Eis Berbuerger probéieren hier Gléck mat dem eng oder aneren Distanzschoss an déi Biissener probéieren et iwwert 2 Standardsituatiounen, mee op béiden Säiten feelt et un Genauegkeet.

An der 50. Minutt war et fir déi éischten Kéier den Georgy Courbera den vun eiser lénker Säit gutt an Szene gesat konnt ginn, mee säin Schoss an den rietsen Eck konnt vum Golkipp an de Corner deviéiert ginn.

An der 58. Minutt war et erëm emol eng Aktioun iwwert eis riets Säit déi fir Gefor an zum 2-0 gesuergt huet. D’Flank vun der lénker Säit gëtt vum Biissener Verteideger mam Kapp an den Fouss vum Vincent Scholl gekläert. Dësen kontrolléiert den Ball, leet en op säin rietsen Fouss an schléisst onhaalbar aus 13 Meter an den lénken Eck of. No bal 15 gespillten Minutten an der 2ter Halschent war et eng verdéngten 2-0 Féierung fir eis Berbuerger Jongen.

An der 60. Minutt probéieren et déi Biissener mat engem Distanzschoss vum 16er, mee de Schoss geet iwwert den Gol. 2 Minutten méi spéit war et rëm den Georgy Courbera deen den Biissener Golkipp préift. Hien probéiert et mat engem flaachen Schoss vum rietsen 16er Ech op den 2. Potto, mee den Golkipp kritt den Bal deviéiert. Op der Géigesäit ass et dunn nach emol Biissen déi am 16er zum Ofschloss kommen, mee och dësen Ball ass erëm net cadréiert genuch. An der 67. Minutt kritt Biissen no engem liichten Rempeler vum Daniel Contrino un sengem Géigespiller een Eelefmeter zougesprach. Den Kostas Karakostas am Berbuerger Gol war am Richtegen Eck, mee en konnt net verhënneren dat den Mamadi Djalo op 2-1 verkierzen konnt.

An der 80. Minutt huet den agewiesselten Cyril Wagner den 3-1 um Fouss. Hien gëtt no enger gudder Kombinatioun iwwert déi lénks Säit am 5 Meter Raum ugespillt, bréngt et awer net fäerdeg aus dëser kuerzer Distanz den Ball iwwert Linn ze drécken, mee en knapp laanscht den Potto ze setzen. Am direkten Géigenugrëff kennt Biissen erëm zum Ofschloss, mee eis Berbuerger Verteidegung schmäisst sech an den Ball an deviéiert en iwwert den Gol. An der 91. Minutt hunn eis Jongen nach emol d’Chance den Sack zou ze maachen, mee den Fortune Katalay verpasst et béi dëser Conter Attack den besser positionéierten Christos Karakostas unzespillen.

An der 93. Minutt huet eis Verteidegung nach emol richteg gewackelt, wou no engem Corner den Tim Habscheid den Ball in extremis op der Linn gekläert huet. Dëst war déi läscht nennenswäert Aktioun an den Arbitter päift no 96. Minutten den Match of.

Eng Verdéngten Victoire fir eis Jongen déi bis zur leschter Minutt gekämpft hunn, mat enger gudder Organisatioun an der Defense den Géigner net vill Chancen ginn hunn, an Offensiv ëmmer rëm geféierlech virum Biissener Gol opgetaucht sinn. Fir déi nächst Matcher hoffen mer dat eis Jongen hier Conter Chancen besser notzen an den Match net bis zur leschter Minutt oppen loossen, mee den Sack einfach éischter zou ze maachen.

Nächste Sonndeg empfänken mir eis Noperen vu Jonglënster zu Berbuerg am Stade Rénert.
 
#MIRsiBERBUERG