Seniors 1: Dräi Punkten zu Scheffleng


08 April 2019

FC 95 Schifflange - FC Berdenia Berbourg 0-2
 
 Mat enger deziméierter Equipe si mir mam Bus op Schëffléng gefuer. Zwar net op d'Cavalcade, mee um Enn vum Match ass et trotzdeem eppes ze feiere ginn. Eng Reih Spiller hat de Jorge Freitas fir dëse Match reaktivéiert, an aanerer haten nach d'Berbuerger Wiesn an de Been. An awer huet dat d'Equipe net negativ beaflosst. Am Géigendeel, hannendran huet d'Ofwier rondrem den eehemolegen Draamduo Weidert/Kaufmann e gudde Match gemaach. Et war och de Charel Weidert deen déi Orange no 15 Minutten a Féirung bruecht huet, dëst no engem Korner vum Achmed Boussi. No viir sinn och eng Reih weider gutt Szenen mat schéine Kombinatiounen ausgespillt ginn, wou ënner aanerem den Achmed Boussi nach zweemol zu engem Volleyoofschloss komm ass. Schëffleng hat och déi eng oder aaner Chance, déi virun allem duerch ze zaghaft Zweekampfverhalen eisersäits zustaane komm sinn. Ab der 60. Minutt ka Berbuerg an der Iwwerzuel de Match rofspillen nodeems e Schefflenger Spiller eng rout Kaart duerch e Foul um Achmed Boussi gesinn huet. De selwëschten Achmed Boussi, dee sengem Ruff als Atkivposten rem gerecht ginn ass, huet dann och kuerz drop fir den 0-2 Endstand gesuergt, no enger exzellenter Viiraarbescht vum Daniel Contrino. 
 
Mir si Berbuerg!!!