Seniors 1: Dräi Punkten zu Remich


30 September 2018

Union Remich-Bous - FC Berbourg Berbourg 0-2

 An der Ufanksvéirelsstonn hunn d'Haushären vu Remich méi vum Match. Et ginn eng Reih kleng Fehler op béide Säiten a Berbourg notzt déi éischt an eenzeg Geleegenheet an der 7. Minutt. Eng schéi Kombi vun Leconte a Contrino féiert zum 0-1 duerch den Daniel Contrino.

Fir de Rescht vun der éischter Halschent ass et méi e rouege Match, ouni vill Chancen, deen sech haaptsächlech am Mëttelfeld ofspillt. Remich huet zwar liicht d'Iwwerhand, awer keng richteg geféierlech Aktioun.

No der Paus leet Berbourg dann direkt mat zwee gudde Kappbäll lass. Lo ass de Match och méi intensiv mat enger Reih Korneren fir Remich/Bous. Insgesamt bleiwen d'Chancen nach wie vor Mangelware. Remich kënnt just bis virun de Strofraum a Berbourg gëtt sech mat eenzelne Konter zefridden.

Kuerz viru Schluss fällt dann awer nach den erléisenden 0-2 fir Berbourg duerch den Daniel Contrino, sou dass endlech déi éischt 3 Punkten fir dës Saison mat op Berbourg ginn.