Seniors 1: Derbysieger (mat Video)


19 February 2018

FC Jeunesse Biwer - FC Berdenia Berbourg 0-2
/
Berbuerg gewënnt den Optakt no der Wanterpaus géint eng gutt Biwer Equipe, déi mat vill Asatz probéiert huet d’Punkten zu Biwer ze haalen!
 
1. Minutt: Sebastian Ting mam éischten Ofschloss vum Match, de Wäitschoss geet awer genau op de Keeper
4. Minutt: De Sebastian Ting schéisst de Fräistouss an d’Mauer, säin Noschoss geet op de Keeper
7. Minutt: éischt Chance fir Biwer, Flank vun der lénkser Säit, de Biwer Spiller setzt säi Kappball nëmmen knapp iwwert de Goal
20. Minutt: Biwer spillt iwwert d'Säit, d'Pass kënnt an de Strofraum, mee de Stiermer kënnt awer net un de Ball
22. Minutt: Den Daniel Benner geet iwwer déi lénks Säit duerch, säi Schoss gëtt awer vum Keeper geklärt
33. Minutt: Berbourg muss verletzungsbedéngt wiesselen. Fir den Daniel Benner kennt den Eric Galetto an de Match
40 + 41. Minutt: Direkt zwou gutt Chancen hannerteneeng fir Biwer, de Ball geet awer jeweils knapp laanscht de Goal
 
Halbzeit: Eng schwaach éischt Halschent vun de Berbuerger Bouwen! No e puer gudden Aktiounen am Ufank vum Match mat e puer ongenauen Ofschlëss op Berbuerger Säit huet Biwer besser an den Match fonnt. Déi Berbuerger Equipe kann sech glécklech schätzen dass se zu dësem Zäitpunkt net am Réckstand leien! Biwer iwwerzeegt mat Kampfgeescht a Bëss, där Astellung déi de Berbuerger an der 1. Halschent vum Derby nach gefeelt hunn.
 
45. Minutt: Berbourg stellt em, den Daniel Contrino kënnt fir de Pit Wagner
51. Minutt: Den Achmed Boussi geet iwwert riets, séng Pass virun de Goal kënnt awer net beim Matspiller un
56. Minutt: E Korner vu Biwer kann um 2. Potto virun 2 Biwer geklärt ginn
59. Minutt: Den Daniel Contrino schéckt den Achmed Boussi, deen laanscht de Keeper geet, de Ball awer net matgeholl kritt
61. Minutt: Biwer ass alleng virum Goal, de Joé Reuter ass um Potto a paréiert de Ball
65. Minutt: 1-0 fir Berbourg. De Rayane Laouira spillt op den Achmed Boussi, deen geet alleng op de Keeper an kann dës Kéier markéieren
67. Minutt: Biwer steet alleng virum Berbuerger Goal, de Joé Reuter mecht séng Saach nach eemol ganz gutt a pareiért de Ball
81. Minutt: Berbourg huet e Fräistouss op der rietser Säit, de Charel Weidert kënnt artistesch un den Ball, dësen geet awer genau op de Keeper
84. Minutt: Eng verongléckt Flank vu Biwer land iwwerraschent op der Laat vum Berbuerger Goal
88. Minutt: Zwee Ofschlëss bannen enger Minutt vum Rayane Laouira. Den éischten gëtt vum Keeper gehal, den zweeten geet knapp lanscht de Potto
89. Minutt: Berbourg mecht mam 2-0 de Sak zou. Dës Kéier mecht de Rayane Laouira et besser, no enger Pass geet hien nach puer Meter mam Ball an setzt en an den laangen Eck eran
 
Fazit: No enger schwaacher éischter Halschent sinn dei Berbuerger Jongen an der zweeter Halschent mat méi Wëllen a Kampfgeescht op den Terrain komm, a konnten den Derby fir sech entscheeden! No enger laanger Wanterpaus an där d’Trainingskonditiounen wéinst dem Wieder net ëmmer optimal waren, bleift an den nächste Wochen nach e bessen Aarbescht fir an de Roulement ze kommen an eist Spill ze verbesseren! F C B... Derbysieger, Derbysieger, hey, hey...