Seniors 1: Derbysieger géint den Tabelleleader


07 October 2019

FC Berdenia Berbourg - CS Grevenmacher 4-2

Déi gutt 300 Zuschauer am Stade Renert hunn zwar net den erwaarten hëtzegen Derby gesinn, mee trotzdeem e gudde Match vun der Berbuerger Equipe mat engem duerchaus net ze erwaardendem Ausgang. Den CSG huet bis zu dësem Match nach kee Punkt am Championnat leie gelooss an ass dementsprechend selbstbewosst op Berbuerg komm. Déi éischt Grousschance haten allerdéngs déi Orange, direkt an der 3. Minutt wéi den Hideyuki Kawamura de Ball op d'Lat setzt. Duerno sinn et awer déi Maacher déi méi vum Match hunn an déi an der 13. Minutt duerch e Kappball no Korner mat 0-1 a Féirung ginn. Berbuerg weist sech awer onbeandrockt a spillt weider. Als éischt am Abseits, duerno nëmmen mat engem haarden Zweekampf am 16er ze stoppen, bleiwen zwou Grousschance fir eis Faarwen nach ouni Erfolleg. Insgesamt bedreiwt Berbuerg méi Opwand um Terrain, kënnt awer selten bis zum Ofschloss an der Spëtzt. Déi Maacher spillen daat mat secherem Pass- a Stellungsspill méi clever. An der 26. Minutt fueren déi Blo e schéine Spillzuch iwwer hier lénks Säit bis op d'Linn, d'Pass en retrait kann de Stiermer via den Innenpfosten erasetzen. 0-2 fir Maacher. Ween lo geduecht huet de Match wier gelaaf, sollt awer enges Besseren beléiert ginn. D'Spiller vu Grevenmacher waren sech hierer Saach zu dësem Zäitpunkt wuel schon ze secher, sou dass si de Match lues a lues aus der Hand ginn hunn. Mir schreiwen déi 35. Minutt wéi de Match ugefaangen huet a Richtung Berbuerg ze lafen. De Ball kënnt iwwer de Rayan Rafdy an de Kylian Chalumeau an de 16er op den Moritz Habscheid, deen zielt an de kuerzen Eck - Potto - Goal - Uschlosstreffer 1-2. Nëmmen kuerz drop erkämpft den Asahi Watanabe sech e verluerene Ball op 20m zréck, spillt eng schéin Doppelpass am 16er, de Ball land am Goal, gëtt awer zu Recht wéinst Abseits ofgepaff, sou dass et mat engem knappe Viirsprong fir d'Gäscht an d'Paus gaangen ass.

No der Paus haten di Blo näischt méi zegutt, Berbuerg war während de ganzen zweete 45 Minutten déi spilleresch besser an iwwerleen Equipe. D'Konsequenz doraus sinn weider 3 Goaler fir Berbuerg, déi absolut verdéngt sinn, och an dëser Héicht. An der 50. Minutt hëlleft no engem Foul um Hideyuki Kawamura nach e Penalty vum Moritz Habscheid fir op 2-2 auszegläichen, duerno waren et zwee wonnerbar rausgespillte Goaler déi d'Fans vum FC Berdenia jubelen gelooss hunn. An der 66. Minutt geet Berbuerg dann schlussendlech a Féirung. E laange Säitewiessel raus op lénks land beim Achmed Boussi, deen de Ball gutt verwäert, op d'Linn zéiht an eng Pass en retrait mecht, déi den Hideyuki Kawamura kann zum 3-2 verwandelen. Mol keng 5 Minutten méi spéit huet Berbuerg dann keng Zweifel méi opkomme gelooss ween dësen Derby sollt gewannen. Et ass rëm eng Aktioun iwwer lénks, iwwer d'Statiounen Achmed Boussi an Hideyuki Kawamura, wou schlussendlech de Ball virun de Goal bei de Ren Anda kënnt deen zum 4-2 Endstand annetzen kann. Den Tabelleleader, deen no dësem Spilldag och weiderhinn op Plaz 1 bleift, konnt dës Resultat awer net méi a Gefor bréngen a sou gewënnt Berbuerg no 0-2 Réckstand mat 4-2 géint de groussen Favorit vu Grevenmacher. D'Freed op der gutt gefëlltener Tribün vum Stade Renert war grouss, souwéi och d'Unerkennung vun de Maacher Supporter iwwer eng gutt Berbuerger Equipeleeschtung. Mir sinn Derbysieger! Mir si Berbuerg!