SENIORS 1: DERBYSIEGER, DERBYSIEGER, … !!!

Berbourg a Biwer



04 September 2017

FC Berdenia Berbourg – FC Jeunesse Biwer 3-0



Viru knapp 350 Zuschauer, a bei feinstem Fussballswieder, stoungen sech no iwwer 6 Joer rëm Berbuerg a Biwer am Championnat géintiwwer.



Et waren och réicht knapp 2 Minutten gespillt, dun hat de Sebastian Ting schon déi éischt Chance fir eis Jongen, säi Schoss koum awer ze zentral, sou dass de Goalkipp keng Méih hat de Ball ze haalen.



An der 6. Minutt koum Biwer eng éischte Kéier virun de Berbuerger Goal, an dat direkt ganz geféierlech. Déi Berbuerger Ofwier gesäit net gutt aus, an aus dem Gewulls geléngt et engem Biwer de Ball op den Goal ze bréngen. De Ball kullert awer just widert den Potto!



An der 8. Minutt fällt dann den 1-0 fir eis Faarwen! Den Daniel Contrino huet de Ball op 25m, zéckt net laang a schéisst de Ball onhaalbar an de Wénkel.



Nom 1-0 dauert et bis zur 20. Minutt bis et rem geféierlech virum Goal gëtt. De Sebastian Ting spillt an d‘Déift op den Ahmed Boussi, dee leet sech de Ball awer ze wäit laanscht de Keeper sou dass d‘Chance verpasst gouf op 2-0 ze erhéichen.



Eng Minutt méi spéit waren et déi Biwer déi iwwert déi lénks Säit kommen an eng Flank virun de Goal bréngen. De Schoss konnt vum Joe Reuter laanscht de Goal déviéiert ginn.



An der 28. Minutt huet Berbuerg e Fräistouss 25m virum Goal. De Sebastian Ting pobéiert de Michael Blau flaach unzespillen, dësen kennt awer net un den Ball.



Durch deen héichen Pressing deen Berbuerg phaseweis gudd emgesat huet, si mer an der 37. Minutt belount ginn andeems sech den Daniel Contrino de Ball an der Biwer Halschent erkämpft huet, am Strofraum queesch op den Rayane Laouira leet an dësen keng Problemer huet zum 2-0 anzenetzen.



An der 45. Minutt probéiert de Sebastian Ting et nach emol, säi Schoss gett awer nach ofgefälscht a geet an de Korner.



Soumat geet et fir eis Jongen no 45 Minutten verdéngt mat 2-0 an d’Paus.



Direkt nom Téi bréngt de Sebastian Ting de Ball an d'Deift fir de Rayane Louira, deen awer um Keeper hänke bleift. Direkt eng Minutt drop taucht de Rayane Laouira nach eng Kéier virum Goal op mee kann de Ball awer net kadréieren.



An der 56. Minutt, spillen déi Berbuerger en Ugrëff iwwer riets wou den Ahmed Boussi rëm op de Rayane Laouira leet deen awer vum Keeper gestoppt gett.



An der 60. Minutt dann e Geigenugreff vun deene Biwer, mee de Joe Reuter kennt raus a kann de Ball ofwieren.



67. Minutt, Doppelpass Galetto / Boussi, wourops hinn den Eric Galetto vum Keeper gefoult gett. Eelefmeter fir Berbourg. De Rayane Laouira setzt enne lénks zum 3-0 ran.



Kuerz viru Schluss kréien déi Biwer nach e Fräistouss deen awer an der Mauer hänke bliwwen ass. Duerno ass net méi vill viru béide Goaler passéiert sou dass Berbuerg den Derby verdéngt mat 3-0 gewennt.



Derbysieger, Derbysieger... hey, hey...



Equipe: Joe Reuter, Charel Weidert (C), Marc Mees, Michael Blau, Chris Sauber, Eric Galetto (76. Suvat Spahic), Sebastian Ting (69. Danny Leconte), Daniel Contrino, Ahmed Boussi (84. Jaspar Göpel), Pit Wagner, Rayane Laouira



Reserve: Sam Faber, Danny Leconte, Suvat Spahic, Jaspar Göpel, David Schuster



Fotoen vum Match: http://www.berdenia.lu/index.php?site=page&id=gallery&galleryID=2450