Seniors 1: Derby ouni Gewënner


25 March 2019

CS Grevenmacher - FC Berdenia Berbourg 2-2

 Wou fréiher grouss international Matcher gespillt gi sinn, war et e Sonndeg de groussen Derby géint de klengen Noper an der 1. Divisioun op Flohr.

Béid Equipen hun de Match op Aaenhéicht ugefaang. Berbuerg kann och schon direkt an der 7. Minutt duerch e stramme Schoss aus 16 Meter vum Moritz Habscheid a Féirung goen. An der 12. Minutt gëtt den Dany Leconte schéin an de Laf gespillt, kann alleng op de Goal goen, mee de Maacher Keeper verhënnert am Zweekampf den 0-2 fir Berbuerg. Den CSG huet och déi eng oder aaner schéin Kombinatioun no viir, virun allem iwwer d'Säiten, a kann déi Berbuerger Defensiv och eng Kéier kuerz a Bedrängis bréngen wéi de Steven Baskewitsch wollt en héije Ball mam Kapp klären. De Ball geet allerdéngs iwwert saïn eegene Keeper Richtung Goal, a verfehlt de Potto nëmmen em e puer Zentimeter. Déi Orange loossen sech vun dëser Schrecksekonn awer net veronsecheren a spillen weider hiere Match. An der 25. Minutt dann rem eng gutt Chance fir Berbourg mat engem stramme Schoss vum Achmed Boussi vun hallef riets aus dem Strofraum, de Keeper déviéiert in extremis an de Korner. Nëmmen zwou Minutten méi spéit op der aanerer Säit verfehlt e flaache Schoss de Goal nëmme knapp. An der 38. Minutt rabbelt de Filet op Flohr dann awer nach eng Kéier zu eise Gonschten. De Ball kënnt iwwer e puer Statiounen op de lénksen Eck vum 5m wou de fräien Eric Galetto humorlos an de kuerze Wenkel annetzt. Kuerz virum Halbzeitpëff kënnt Maacher nach zum 1-2 Uschlosstreffer, dëst no engem laange Ball aus dëm Halleffeld, deen eis Verteideger ënnerschätzt an ennerlaf haten, an doduerch de grousse Stiermer alleng aus 10 Meter virum Goal kann erakäppen.

Entgéint der Gewunnescht aus de leschte Matcher, kënnt Berbuerg dës Kéier nët gestäerkt aus der Kabinn eraus. Déi zweet Halschent kréien mer kee Fouss méi op de Buedem a kënnen eis keng richteg Chancen méi rausspillen. Folgerichteg fällt an der 58. Minutt och den Ausgläich mat engem Schoss aus kuerzem Wenkel. Duerno dréckt Maacher nach op d'Entscheedung, huet och déi eng oder aaner Chance, mee kann awer keng richteg zwéngend Situatioun erausspillen, sou dass et um Enn beim leeschtungsgerechten 2-2 bliwwen ass.

Ee Punkt also, deen fir eis secher méi wäert ass wéi fir den CSG, deen doduerch lo rem op Plaz 3 an der Tabell ofgerutscht ass. Mir klammen op Plaz 5 mat lo 27 Punkten. Weider sou Berdenia!

Nächste Sonndeg geet et weider géint den SC Bettembourg (6. Plaz mat 26 Punkten). OPGEPASST, DE MATCH ASS ZU BEETEBUERG, well mer an der Viirronn d'Heemrecht getosch haten wéi de Beetebuerger Terrain nach net bespillbar war.