SENIORS 1: Berbuerg am Südbezierk


03 July 2018

D'Opdeelung vun den Divisiounen a Bezierker fir d'Saison 2018-2019 ass haut vun der FLF publizéiert ginn. Den FC Berdenia Berbourg spillt wéi och schon déi läscht Joren an der Série 2, also am Südbezierk.

Dëst erméiglecht eis de groussen Derby géint den CS Grevenmacher ze spillen. Leider feiert et awer och derzou dass mir keen Derby géint US Berdorf-Consdorf 01 spillen wäerten, déi an den Nordbezierk zougedeelt gi sinn. Fir de Rescht treffen mer op eng Reih aal Bekanntener. Hei all eis Géigner fir déi kommend Saison:

CS Grevenmacher (Ofsteiger aus der Eirepromotioun)
Union 05 Kayl-Tetange (Ofsteiger aus der Eirepromotioun)
FC Mondercange
Yellow Boys Weiler-la-tour
CS Sanem
AS Luxembourg Porto
FC Red-Black Egalité Pfaffenthal-Weimerskirch
Sporting Bertrange
Red Boys Aspelt
FC Schifflange 95
Union Remich/Bous (Opsteiger aus der 2. Divisioun)
Syra Mensdorf (Opsteiger aus der 2. Divisioun)
SC Bettembourg (Opsteiger aus der 2. Divisioun)

D'Championnat fänkt jo bekanntlech de 26. August un.