SENIORS 1: Berbourg schléit sech selwer

Foto Berbourg-Beles Foto vun Norb Benner



04 October 2017

FC Berdenia Berbourg - FC The Bevlal Belvaux 1-2

/

3‘: Berbuerg féiert den éischten Korner kuerz aus, den Eric Galetto zitt mam Ball an de Strofraum a sicht den Ofschloss. Bei séngem Schoss steet de Keeper um 1. Potto an huet kee Problem de Ball ze halen.



7’: Berbuerg gräift iwwert déi riets Säit un. Dem Suvad Spahic séng Flank probéiert de Rayane Laouira mat engem Fallrückzieher ze verwäerten, trëfft de Ball dobäi awer net richteg.



10’: Berbuerg nach emol mat engem kuerz ausgefouerten Korner, dem Eric Galetto säi Schoss gëtt vum Keeper gehal.



11’: Den Eric Galetto schéckt de Rayane LAOUIRA an d'Déift, de Keeper spillt awer gutt mat an ass virun him um Ball.



15’: De Rayane Laouira setzt sech géint 2 Bieleser duerch, zitt mam Ball Richtung Strofraum, probéiert dann de Sebastian Ting flaach unzespillen, d‘Pass gëtt geblockt, dorops hin probéiert hien et nachmol mat engem Schoss, deen awer zentral op den Keeper geet.



19’: Flank vum Suvad Spahic. De Sebastian Ting käppt laanscht den Goal.



24’: Flank vum agewiesselten Daniel Contrino. De Bieleser Verteideger kläert mam Kapp, woubäi de Ball ganz knapp laanscht den eegenen Goal geet.



25’: No engem Korner kennt den Eric Galetto zum Oofschloss. Saï Schoss geet awer iwwert den Goal.



31’: Déi éischt richteg Chance fir Beles. Beim Schoss vum Bieleser Spiller muss de Joé Reuter sech strecken fir den Ball aus dem laangen Eck ze fëschen.



32’: 0-1 fir Bieles. No engem individuellen Feeler vun engem Berbuerger profitéiert de Bieleser Stiermer a bréngt séng Faarwen a Féierung.



37’: 0-2 fir Bieles. No engem Konter vu Bieles, trëfft fir d‘éischt ee Bieleser den Potto, saï Matspiller huet kee Problem den Ofpraller aus knapp 5m iwwer d'Linn ze drécken.



43’: De Fräistouss vum Sebastian Ting gëtt an den Korner geklärt. Duerch de Korner kënnt et zu Gewulls am Strofraum, de Rayane Laouira leet zréck op den Daniel Benner, saï Schoss geet awer laanscht den Goal.



Paus 0-2



50’: Nach emol een individuelle Fehler op Berbuerger Säit, no enger ze kuerzer Réckpass kann Bieles de Cadeau awer net unhuelen, de Schoss geet laanscht den Goal.



52’: No enger Flank vum Suvad Spahic leet den Eric Galetto de Ball zréck op den Daniel Benner, saï Schoss aus 20m geet laanscht den Goal.



57’: De Marc Mees bréngt e Fräistouss aus der eegener Halschent virun de Bieleser Goal, den Eric Galetto kënnt un de Ball a leet en queesch op de Sebastian Ting. Dësen kënnt awer net zum Ofschloss well de Keeper gutt matspillt a virun him um Ball ass.



62’: Den Dany Leconte spillt op den Daniel Contrino, deen bréngt de Ball am Goal ënner, gëtt awer vum Schiedsrichter zréck gepaff well hien am Abseits stoung.



67’: Berbuerg verléiert de Ball am Mëttelfeld, Bieles spillt schnell no vir a sicht den Oofschloss, de Ball geet awer knapp laanscht den Goal



71’: Bieles kënnt nach emol zum Oofschloss, de Joé Reuter huet awer kee Problem mat dësem Ball.



74’: Den Daniel Contrino gëtt an d'Déift gespillt, mat séngem Oofschloss huet de Keeper awer keng Grouss Problemer.



76’: Nach eng Kéier den Daniel Contrino iwwer riets. Séng Flank kënnt iwwer Ëmweeër bei de Sebastian Ting deen och direkt den Oofschloss sicht. De Keeper kann nëmmen klatschen loossen, beim Noschoss geléngt et dem Rayane Laouira net fir de Ball aus 5m am Goal ënnerzebréngen.



85’: Flank vum Sebastian Ting op den Ibrahim Diop, deem saï Kappball geet awer laanscht den Goal.



89’: No engem Korner vum Eric Galetto kënnt den Ibrahim nach eng Kéier zum Kappball, deen de gudden Bieleser Keeper ënnen aus dem Eck fësche kann.



90’+5: De Sebastian Ting dréint een Korner direkt ran a verkierzt an der Nospillzäit nach op 1-2.



Endstand 1-2



Fazit vum Match: Berbourg schléit sech selwer an deem se de Géigner bei den zwee Geigengoaler zwee mol duerch individuell Fehler oder Fehler am Spillopbau agelueden hunn. Sou Fehler hunn eis schonn an der Woch géint den CS Sanem Punkte kascht! Dës gëllt et elo ofzestellen fir an de kommende Matcher zu besseren Resultater ze kommen.



Equipe: Joé Reuter, Suvad Spahic, Marc Mees, Ibrahim Diop, Daniel Benner, Jaspar Göpel (61. Dany Leconte), Pit Wagner, Sebastian Ting, Eric Galetto, Ahmed Boussi (16. Daniel Contrino), Rayane Laouira



Reserve: Sam Faber, Dany Leconte, Daniel Contrino, Chris Sauber, Manuel Kaufmann



Den nächste Match ass e Sonndeg 8. Oktober 2017 um 16h00 zu Berbuerg géint Yellow Boys Weiler-la-Tour





Fotogalerie: http://www.berdenia.lu/index.php?site=page&id=gallery&galleryID=2550