SENIORS 1: Berbourg muss sech der Jeunesse geschloe ginn


23 September 2018

Berbourg huet keng schlecht Prestatioun gewisen géint den groussen Tabelleleader vun Esch, huet d'Jeunesse suguer an d'Verlängerung gezwong, mee zum Schluss sollt et dann awer net duer goen fir d'Iwwerraschung ze suergen.

Fir déi ronn 300 Spectateuren sollt et méi a laange Samsdeg Nomëtteg ginn wéi een erwaarde konnt. D'Jeunesse huet iwwer wäit Strecken zwar de Match gemaach, Berbourg stoung awer kompakt a konnt och mat eenzelnen Aktiounen e puer Akzenter am Spill no viir setzen. D'Ofschlossschwächt vun der Jeunesse an de Kampfwëllen vu Berbourg hunn fir en 0-0 no 90 Minutte gesuergt. An der Verlängerung ass dunn awer de Klassenennerscheed däitlech ginn. Déi Berbuerger Been si méi schwéier ginn an d'Jeunesse huet de Score opgemaach, an duerno nach mat zwee herrleche Fräistéiss nogeluecht an d'Endresultat op 3-0 fixéiert.

Trotz dem Ausscheeden, kann een zefridde sinn mat der Berbourger Leeschtung, zumools wann een un déi läscht Prestatiounen an un déi 0 Punkten am Championnat denkt. Weider sou Jongen, nach bessen méi Realismus an der Offensiv, da klappt et och mat de Punkten!

FOTOGALERIE

ARTIKEL RTL

ARTIKEL WORT