Seniors 1: Berbourg dréiht de Match an der 2. Halschent


25 February 2019

FC Berdenia Berbourg - Union 05 Kayl-Tetange 2-1 

 Bei sonnegem a beschtem Fussballswieder, war den Tabellevéierten vu Käl-Téiténg zu Berbourg am Stade Renert op Besuch. Entgéint dem Tabellen- a Punktestand, huet de Géigner awer eng insgesamt schwaach Prestatioun ofgeliwwert a Berbourg sech 3 Punkte gekrallt.

An der éischter Halschent war et en ausgeglachene Match op engem ganz schwaachen Niveau, wou béid Equipen zwar déi eng oder aaner Chance opzeweisen haten, sech awer gréisstendeels an der Mëtt vum Terrain neutraliséiert hunn. Eenzeg an alleng huet eng Aktioun an der 19. Minutt fir e bëssen Bewegung gesuergt, wéi de Géigner säin 0-1 Féirungstreffer markéiert huet. Dat war och de Pausestand. 

Fir déi zweet Halschent ass Berbourg däitlech besser aus der Kabin komm. D'Zuschauer kruten lo méi gebueden. Eng ganz Reih schéin Spillzich a gutt Goalchancen hunn déi Orange sech erschafft, et war deelweis e Schlagabtausch mat oppenem Viséier wouvun déi Orange am Endeffekt méi haten. Den Achmed Boussi kann de Score an der 61. Minutt égaliséieren an de Rayan Rafdy an der 77. Minutt den 2-1 Siegestreffer markéieren, zweemol op Konter. Berbourg hat awer nach weider gutt Chancen, wéi zum Beispill de Kappball vum Charel Weidert deen de Goal no engem Korner nëmme knapp verfehlt huet. Mee och déi aaner Säit war et nët komplett roueg, a sou huet Käl-Téiteng och nach e schéine Schoss aus 20 Meter op d'Lat gesat. Nodeems fir d'Schlussphase déi Berbuerger Defensiv nach bessen gestäerkt ginn ass, sollt dann och näischt méi ubrennen, sou dass den FC Berdenia séng éischt 3 Punkten fir d'Réckronn agefuer huet, an dëst nët ganz onverdéngt géint en enttäuschenden Opstiegsaspirant vu Käl-Téiténg.