SENIORS 1: Beggen kontert sech zu 3 Punkten


05 April 2018

FC Berdenia Berbourg - FC Avenir Beggen 0-3 
Den Nohuelmatch um Mettwoch Owend géint déi defensiv agestallte Beggener, déi ënnert hirem neien Trainer wuel frësch Motivatioun kritt hunn, verléiert Berbourg um Enn verdéngt mat 0-3 opgrond vum vill ze fahrlässege Verhaalen an der Defensiv wéi och an der Offensiv. 
  
Bis zur 13. Minutt passéiert net vill am Match bis den Sebastian Ting et aus knapp 23 Meter mat engem Wäitschoss probéiert. Dësen geet awer knapp laanscht de lénken Potto. Dei Beggener kommen dann an der 25. Minutt déi éischte Kéier geféierlech virun de Goal, mee de Joé Reuter kann de Schoss aus 8 Meter mat enger gudder Reaktioun an de Korner dévieieren. An der 30. Minutt kënnt de gutt opgeluechten Suvad Spahic zu sénger éischter vu ville Chancen vum Owend, mee säi Schoss geet knapp driwwer. Méi Chancen gouff et an der schwaacher éischter Halschent net, an domat geet et mat 0-0 an d’Paus. 
  
An der 2. Halbzeit ass déi éischt Aktioun fir Berbuerg, mee dem Sebastian Ting säi Fräistouss ass net plazéiert genuch. Nëmmen eng Minutt drop kann och den Danny Leconte de gudde Beggener Keeper net bezwéngen, deem säi Schoss in Extremis ofgewiert gëtt. Beggen steht defensiv, kennt duerno awer ëmmer besser an de Match an kann dann duerch e schéinen Ungrëff an der 60. Minutt mat 0-1 an Féierung goen. Kurz drop hätt et och scho kéinten 0-2 stoen, mee dem Stiermer säi stramme Schoss vu riets geet just laanscht de laange Potto. An der 67. Minutt kann Beggen dann awer op 0-2 erhéichen. Berbuerg verléiert an der Virwärtsbeweegung de Ball an da geet et ganz séier. Zwee Stiermer komme géint zwee Berbuerger virun de Goal, a lossen dem Joé Reuter keng Chance. Berbuerg probéiert lo nach eng Kéier alles, mee de Suvad Spahic (70.), den Danny Leconte (73.) a rëm de Suvad Spahic (75.) kënnen de Ball net am géigneresche Filet ënnerbréngen. Da kënnt et wéi et kommen muss, Berbuerg mecht hannen nach méi op, a Beggen kann op Konter an der 75. Minute den 0-3 markéieren. De Joé Reuter kann duerno nach eng 100%eg Chance an der 86. Minutt klären, a vehennert domat en nach méi schlecht Resultat. Dei läscht Chance vum Match huet dann Berbuerg, mee dem Rayane Laouira säi Schoss aus der Dréihung vum 16 Meter geet un de Potto. 
  
E Sonndeg spillen eis Jongen zu Wuermer a kennen och do all Ënnerstetzung gebrauchen. 
  
Equipe: Joé Reuter, Chris Sauber, Manuel Kaufmann (46. Pit Wagner), Philipp Galle, Leandro Lopes, Danny Leconte (88. Jaspar Göpel), Sebastian Ting, Ibrahim Diop, Suvad Spahic, Eric Galetto, Rayane Laouira 
Reserve: Sam Faber, Pit Wagner, Daniel Contrino, Jaspar Göpel, Fynn Falkenau