Seniors 1: Batter Néierlag mat Konsequenzen


12 October 2020

FC Berdenia Berbourg - UN Kärjeng 0-4

Et war de Kellerduell géint den Tabelleleschten vu Kärjeng an eng deementsprechend ënnerierdesch Leeschtung hu mir gewisen sou dass mir dëse Match verdéngt verluer hunn, och wa mir weiderhinn 1 Punkt Viirsprong op Kärjeng behaalen.

Vun Ufanks un waren d'Gäscht vill méi engagéiert an hu gewisen dass si déi 3 Punkten mat an de Minett huele wollten. Berbuerg war de ganze Match iwwer ëmmer e Schrëtt ze spéit an hat keng Réussite am Ofschloss. Sou kann de géigneresche Stiermer Thibaut Bourgeois glaater 4 Goaler am Allenggang markéieren (7. Minutt / 25. Minutt op Penalty no Foul vum alleng geloossene Keeper Luc Cattazzo / 34. Minutt / 69. Minutt). Gläichzäiteg hu mir et op der aanerer Säit nët fäerdeg bruecht suguer déi beschte Geleegenheeten eran ze maachen, sou wéi an der 15. Minutt wéi mir gläich e puer mol innerhalb vu Sekonnen an aus kierzester Distanz de Ball net iwwert d'Linn kréien, oder kuerz virun der Halschent wéi de Jakub Jarecki e Penalty net verwandelen kann, oder och nach an der Mëtt vun der zweeter Halschent wéi eng schéi Flank vum Achmed Boussi mam uschléissende Kappball vum Jakub Jarecki de Goal nëmmen em Zentimeter verfehlt.

A sou ass et um Ënn eng ganz batter mee verdéngten Néierlaag, déi den trauregen Héichpunkt eréicht nom Match erreecht huet wéi den Trainer Jorge Freitas säi Récktrëtt erklärt huet. Liest hei méi dozou

Nächste Weekend gëllt et an der Coupe de Luxembourg lo d'Kéier ze kréien an d'Art a Weis emzestellen. Opgepasst, de Match ass net wéi gewinnt, mee Samsdes Owes, de 17. Oktober um 19h00 zu Ehlerange.

Weider geet et!
Mir si Berbuerg!