Seniors 1: 3 Punkten fir 3 Goaler


19 September 2019

FC Berdenia Berbourg - US Sandweiler 3-0

Den Ofsteiger aus der Eirepromotioun war um Mëttwoch Owend op Besuch zu Berbuerg. Déi éischt gutt Aktioun ass dann och direkt fir d'Gäscht. An der 5. Minutt kann eise Schlussmann Luc Cattazzo awer de brandgeféierleche stramme Schoss aus 10-11 Meter mat enger super Reaktioun paréieren. Duerno ass Berbuerg um Drücker. Am Mëttelfeld gëtt schnell kombinéiert an et kënnt zu enger Reih Chancen, virun allem duerch de Rayan Rafdy a Moritz Habscheid. An der 13. Minutt ass et den Hideyuki Kawamura, deen e Fräistouss aus dem Halleffled vum Moritz Habscheid per Dropkick um zweete Potto zum 1-0 verwandelt. Déi éischt hallef Stonn sinn déi Orange dynamesch, aktiv a kombinéieren gutt, hunn allerdéngs keng weider zwéngend Chancen. D'US Sandweiler huet eenzel Aktiounen, virun allem iwwer 2-3 Spiller déi technesch bëssen méi verséiert sinn, bleiwen awer ëmmer spéidstens um Luc Cattazzo hänken. An der 35. Minutt gëtt e Schoss vum Hideyuki Kawamura nach paréiert, den Noschoss vum Rayan Rafdy mam Kapp land am Goal, gëtt awer ofgepaff. Abseits. Duerno ass de Match méi ausgeglach bis zu Halschent.

No der Paus geet et ausgeglach weider, bis no enger Véirelsstonn Berbuerg säin zweeten Otem fënnt an eng ganz Partie richteg gudder Spillzich a Chancen erausspillt. Eenzeg daat waat nach gefehlt huet war den erléisenden zweete Goal fir eis Faarwen. Beispillhaft erviirzehiewen ass eng Situatioun wéi de Moritz Habscheid op lénks geschéckt gëtt, sech géint de Géigner duerchsetzt an an de Strofraum zéiht, de Ball flaach an d'Mëtt spillt an do direkt zwee Matspiller de Ball nëmmen knapp verpassen. Em déi 70. Minutt gëtt et dann kuerz méi hektesch um Terrain mat villen Fehler a Fouls an jeweils enger Riesechance op béide Säiten. Als éischt kombinéiert Sandweiler sech duerch an trëfft aus enger Abseitspositioun de Ball an de Goal. Op der aanerer Säit scheitert de Moritz Habscheid aus kuerzer Distanz um Keeper. De kréinenden Schlusspunkt vum Match setzt dann den agewiesselten Achmed Boussi mat zwee sehenswäerten Schëss aus der Distanz, zum 2-0 an der 82. Minutt a baal identesch zum 3-0 an der 84. Minutt. Domat war de Match gelaaf, a mir hunn 3 Punkte gefeiert.

E Sonndeg um 16h00 empfänken mer den FC Wiltz 71 aus der Eirepromotioun fir d'Coupe de Luxembourg

Mir si Berbuerg!