Schlechte Match zu Remeleng


28 March 2022

US Rumelange - FC Berdenia Berbourg 5-1
 
An der Ufanksphase war et e schnelle Match ouni Chancen a mat villen taktesche Fouls. Duerno huet d'Leeschtung vun eise Berbuerger awer no an no ofgebaut sou dass mir d'Heeméquipe vu Remeleng quasi agelueden hunn fir eis ee Goal nom aaneren anzeschenken. An der 23. Minutt (1-0) kucke mir enger schéiner Doppelpass no an an der 33. Minutt (2-0) loosse mer de Buteur problemlos an de 16er spazéieren. Op der aanerer Säit konnten hallefhäerzeg Chancen vum Jakub Jarecki a Fortune Katalay net fir e Géigeschlag suergen.
 
Déi zweet Halschent ass et leider net besser fir eis Faarwen verlaf a sou kënnt de Géigner ouni vill Géigewier zum 3-0 (53. Minutt), 4-0 (72. Minutt) a 5-0 (82. Minutt). Den Uschlosstreffer vum Jakub Jarecki zum 5-1 an der 87. Minutt hat e bëssen eppes vu Slapstick, war awer soss näischt wéi Ergebniskosmetik. Eng ganz batter mee verdéngten Néierlag géint en direkte Matstreider am Tabellemëttelfeld. Hoffe mer op eng Reaktioun nächste Sonndeg doheem géint den FC Alisontia Steinsel.
 
#MIRsiBERBUERG