Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch


21 December 2020

Den FC Berdenia Berbourg wënscht iech schéi Feierdeeg, e gudde Rutsch a fir dat neit Joer virun allem eng gutt Gesondheet an e bëssen Normalitéit. Hoffe mer dass mir eis geschwënn um Terrain kënne rëmgesinn.

Och dëst Joer geet en décke Merci un all déi Leit déi emmer do sinn a sech fräiwelleg an onermiddlech fir de Veräin engagéieren. E spezielle Merci geet dëst Joer och un all eis Spiller, Memberen a Sympathisanten, fir déi et all net einfach war, déi de Veräin an dësem schwierege Joer awer trotzdeem net hänke gelooss hunn.

A well am Joer 2020 alles aanescht war wéi soss, präsentéiere mir Iech fir de Joreswiessel eng Exklusivitéit am Numm vum FC Berdenia. Lo gëtt nach net ze vill verrooden. Méi dozou gi dir an e puer Deeg op dëser Plaz gewuer ;-) Stay tuned!


Bis dohinn, bleift gesond a feiert e besënnleche Schluss vum Joer!
Mir si Berbuerg!

De Comité vum FC Berdenia Berbourg