Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch
19 December 2019
Den FC Berdenia Berbourg wënscht schéi Feierdeeg an e glécklecht neit Joer 2020. Niewt dem sportlechen Erfolleg, wënsche mir all eise Memberen a Sympathisanten awer och eng gudd Gesondheet, a vill schéi Momenter a Kollegialitéit am Veräin.
Merci all de Leit déi emmer do sinn, de Veräin ënnerstëtzen a sech fräiwelleg an onermiddlech fir de Wuel vum Veräin engagéieren. Ennert dem Strëch kënne mir zefridden op d'Joer 2019 zréckblécken a freeën eis op e gudd Joer 2020.
Mir si Berbuerg!
Bis d'nächst Joer!
De Comité vum FC Berdenia Berbourg