Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch


23 December 2018

Den FC Berdenia Berbourg wënscht schéi Feierdeeg an e glécklecht neit Joer 2019. Niewt dem sportlechen Erfolleg, wënsche mir all eise Memberen a Sympathisanten awer och eng gudd Gesondheet, a vill schéi Momenter a Kollegialitéit am Veräin.

2018 war vill lass mat ënner aanerem der 10. an domat gréisster Editioun vum Kings of Penalty an natierlech dem 70. Anniversaire vum Veräin deen de 5. Januar mat engem Galaiessen an der Publikatioun vun der Broschür säin Ofschloss fënnt.

Merci all de Leit déi emmer do sinn, de Veräin ënnerstëtzen a sech fräiwelleg an onermiddlech fir de Wuel vum Veräin engagéieren. Ennert dem Strëch kënne mir zefridden op d'Joer 2018 zréckblécken a freeën eis op e gudd Joer 2019, daat secherlech och net langweileg wäert ginn.

Bis d'nächst Joer. De Comité vum FC Berdenia Berbourg