Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch


23 December 2017

Den FC Berdenia Berbourg wënscht schéi Feierdeeg an e glécklecht neit Joer 2018. Niewt dem sportlechen Erfolleg, wënsche mir all eise Memberen a Sympathisanten awer och eng gudd Gesondheet, vill schéi Momenter a Kollegialitéit am Veräin. 2017 war fir de Veräin vu ville verschiddenen Emotiounen geprägt. Niewt dem historeschen Erfolleg vun der 1. Equipe ass déi zweet Equipe jo leider ofgestiegen. Am Jugendberäich si mer aktuell un engem richtungsweisende Punkt fir d'Zukunft ukomm. Niewt dem Terrain ass vill geschafft ginn, et si vill Fester zesumme gefeiert ginn, an zu gudder Läscht ass och nach eppes fir de gudden Zweck gemaach ginn. Merci all de Leit déi emmer do sinn, a sech fräiwelleg an onermiddlech fir de Wuel vum Veräin engagéieren. Ennert dem Strëch kënne mir zefridden op d'Joer 2017 zréckblécken a freeën eis op e gudd Joer 2018, daat mat villen flotten Evenementer waard, wéi ënner aanerem de 70. Anniversaire vum Veräin, souwéi och déi 10. Editioun vum Eelefmetertournoi "Kings of Penalty". Gudde Rutsch a bis d'nächst Joer De Comité vum FC Berdenia Berbourg