Saison 2020/2021 komplett annuléiert


09 March 2021

Wéi d'FLF matdeelt gëtt de ganze Championnat an allen Divisiounen an Alterskategorien komplett oofgebrach (ausser an den ieweschten Divisiounen). Nodeems déi sanitär Mesuren sou laang unhaalen, wäert et net méi méiglech sinn alleguer d'Matcher nozehuelen. Deemno gëtt d'Saison 2020/2021 ouni Wäertung annuléiert, d.h. ët ginn keng Op- an Ofsteiger sou dass mir och d'nächst Saison weiderhinn an der Eirepromotioun spillen.

Wann d'Conditiounen et erlaaben, bleift ze hoffen dass mer wéinstens nach deen een oder aaneren Testmatch spille kënnen a rëm normal trainéieren kënnen. Sport un der frëscher Loft ass wichteg fir Grouss a Kleng, besonneg an dësen Zäiten.

Mir gesinn eis speidstens fir déi nei Saison rëm um Terrain!
Bleift alleguer gesond!
Mir si Berbuerg!