RTL Déckkäpp den 20. Juni zu Berbuerg


29 May 2019

Déi weltberühmten Witzbolden vun den RTL Déckkäpp kommen Donneschdes den 20. Juni 2019 op Berbuerg an de Beaurepaire. 

Während dem Optrëtt gëtt et Fräibéier. Doniewt gëtt et awer och aner Gedrénks a Guddes vum Grill a Fritten. 

D'Diiren ginn um 18h30 op (fräien Entrée). Den Optrëtt an de Fräibéier fänken um 19h30 un. 

D'Plaze si limitéiert. Mëllt iech dofir séier un op info@berdenia.lu oder per Telefon op +352 621 758 244