Resultater vun der semaine sportive


19 June 2018

Am Kader vu sénge 70 Joer hat den FC Berdenia Berbourg vun en Donneschteg bis e Sonndeg op séng semaine sportive am Stade Renert invitéiert. Insgesamt 15 Veräiner waren iwwer 4 Deeg an 8 verschiddene Kategorien am Asaz, woubäi 3 éischt Plazen fir eis Equipen erausgespronge sinn.

Deemno en duerchaus gelongenen sportleche Rendez-Vous fir d'Gebuertsdagskand FC Berdenia. Nom Penalty ass domat e weideren ustrengende Weekend fir munchereen eriwwer. Enner grousse Schwieregkeeten fir Equipen fir all Jugend- a Seniorskatégorien zesummen ze kréien, ass et trotzdem gelongen e sportlech gudde Programm op d'Been ze stellen an och ofzewéckelen. Dofir e ganz grousse Merci un alleguer d'Equipen déi matgespillt hunn an d'Leit déi sech iwwer déi 4 Deeg engagéiert hunn.

D'Seniors 1 spillen nach e separaten Tournoi fir de 70. Anniversaire, deen vum 9. - 12. August statt fënnt. Mat derbäi sinn eis Nopeschveräiner vun US Berdorf-Consdorf 01, CS Grevenmacher, FC Jeunesse Biwer, Union Mertert-Wasserbillig souwéi och den FC Munsbach.

Net ze vergiessen och eise grousse Galamatch den 11. August um 18h00 wou ehemoleg Gladbacher Profi'en géint ehemoleg lëtzebuerger Internationaler spillen.

Hei d'Resultater aus alle Kategorien vun der semaine sportive (eng Fotogalerie fannt dir demnächst och op dëser Plaz):

Pupilles U9: 
1. FC Sporting Mertzig
2. FC Victoria Rosport
3. Entente Berbourg/Biwer 2
4. Daring Club Echternach
5. Entente Berbourg/Biwer 1
6. Syra Mensdorf

Poussins U11:
1. Entente CSG/Berbourg/Biwer 1
2. Sporting Bertrange
3. Entente Osten/Mensdorf
4. Union Remich-Bous

Minimes U13:
1. Daring Club Echternach
2. Entente Berbourg/Biwer/CSG
3. Blo-Wäiss Itzig
4. FC Wiltz 71

Scolaires U15:
Entente CSG/Biwer/Berbourg - Entente Lintgen-Mersch 5-2

Cadets U17:
Entente CSG/Biwer/Berbourg - Entente Ennersauer-Mëllerdall 2-5

Juniors U19:
Entente CSG/Berbourg/Biwer - Entente Gréngewald Hostert/Junglinster 3-4

2. Equipe:
1. FC Berdenia Berbourg
2. Union Mertert-Wasserbillig
3. FC Jeunesse Junglinster
4. FC Jeunesse Biwer

Veterans:
1. SG Sauertal/Ralingen
2. FC Berdenia Berbourg
3. Union Mertert-Wasserbillig
4. Syra Mensdorf