Programm Testmatcher Saison 21/22


12 July 2021

Eis éischt an zweet Equipe spillen am Juli an August eng Reih Preparatiounsmatcher. Laut den aktuelle Covid-Mesuren kënnen déi och sou wéi geplangt statt fannen. Déi Matcher zu Berbuerg ginn am Prinzip nom Covid-Check Regime ofgehaalen, daat heescht Zuschauer sinn zougelooss a kënne sech um Site vum Stade Renert fräi an ouni Mask beweegen. Dofir muss all Zuschauer säi Covid-Check Certificat (geimpft, gesond oder getest) an der Entrée viirweisen oder e Schnelltest op der Plaz maachen. D'Buvette ass och op.
 
Sa. 10/07 17h30: FC Berdenia Berbourg - US Berdorf/Consdorf 01 (Terrain D-Wincheringen) 4-1
Sa. 17/07 16h00: FC Berdenia Berbourg -  FC Jeunesse Biwer 5-0
So. 25/07 16h30: FC Berdenia Berbourg - FC Mamer 32 1-0
Sa. 31/07 16h00: FSV Salmrohr - FC Berdenia Berbourg 4-2
Sa. 07/08 14h00: FC Berdenia Berbourg 2 - FC Victoria Rosport 2
Sa. 07/08 16h00: Presentatioun vun de Spiller an den neien Trikot'en
Sa. 07/08 16h30: FC Berdenia Berbourg - FC Bitburg
Sa. 14/08: Optakt Eirepromotioun Saison 2021/2022
Dë. 16/08 19h45: FC Berdenia Bebrourg 2 - FC Olympia Christnach 1
 
Fir och d'Sécherheet an d'Gesondheet vun de Leit um Terrain ze garantéieren, ginn all eis Spiller an de Staff nom selweschte Covid-Check Regime virun all Match kontrolléiert.
 
N.B.: Eventuell Ännerungen ginn et wéi gewinnt op berdenia.lu
 

Mir si Berbuerg!