Programm semaine sportive 70 Joer


12 June 2018

Vun en Donnesteg bis e Sonndeg steet dës Woch d'semaine sportive am Kader vum 70ten Anniversaire vum FC Berdenia Berbourg um Programm. Alleguer d'Equipen vum Veräin, vu ganz jonk bis e bëssen méi aal wäerten dëse Weekend am Asaz sinn an hieren Match, resp. hieren Tournoi am Stade Renert spillen (n.b. just d'éischt Equipe spillt e separaten Tournoi vum 9. - 12. August). Hei de flotten a gutt gefëllte Programm vun der semaine sportive:

Donnesteg 14. Juni

18h30: Match Scolaires U15 (2x35 Min.) Entente CSG/Biwer/Berbourg - Entente Lintgen-Mersch

20h00: Match Cadets U17 (2x40 Min.) Entente CSG/Biwer/Berbourg - Entente Ennersauer-Mëllerdall

Freideg 15. Juni

ab 18h30: Tournoi Veterans (Modus 5+1 / 2x15 Min.) mat den Equipen Union Mertert-Wasserbillig, SG Sauertal/Ralingen, Syra Mensdorf, Berdenia Berbourg

Samsdeg 16. Juni

ab 13h00: Tournoi Poussins U11 (2x10 Min.) mat den Equipen Sporting Bertrange, US Remich-Bous, Entente Osten/Mensdorf, Minerva Lintgen an Entente CSG/Berbourg/Biwer 1

ab 17h30: Tournoi 2. Equipe (Modus 5+1 / 2x15 Min.) mat den Equipen Syra Mensdorf, Jeunesse Junglinster, Jeunesse Biwer, Berdenia Berbourg

zousätzlech ab 17h00: Finalronnen Kings of Penalty (suite vum ofgebrachenen Tournoi läschte Samsdeg)

Sonndeg 17. Juni

ab 10h00: Tournoi Pupilles U9 (1x10 Min.) mat den Equipen Victoria Rosport, FC Sporting Mertzig, Daring Club Echternach, Syra Mensdorf, Entente Berbourg/Biwer 1 an Entente Berbourg/Biwer 2

ab 13h00: Tournoi Minimes U13 (2x12 Min.) mat den Equipen FC Wiltz 71, Daring Club Echternach, Blo-Wäiss Itzig an Entente Berbourg/Biwer/CSG

17h30: Match Juniors U19 (2x40 Min.) Entente CSG/Berbourg/Biwer - Entente Gréngewald Hostert/Junglinster


Während dem ganze Weekend gëtt et selbstverständlech genuch z'iessen an ze drénken, an och d'Matcher vun der WM a Russland ginn iwwerdroen, mat enner aanerem dem Kracher Spuenien-Portugal e Freideg den Owend um 20h00.  

Kommt bis laanscht, den Entrée ass fräi.

 

Weider Detailer zum 70ten anniversaire vum FC Berdenia Berbourg: click hei