Pol Lanners wiesselt op Berbuerg


08 June 2020

Nom Kader Touré ass de Pol Lanners e weidere Mann fir eist defensiv Mëttelfeld. De 24 Joer jonke Spiller kënnt vum FC Koeppchen Wormeldange. Hien war déi lescht Saison schoulbedéngt un den US Moutfort-Medingen ausgeléint an huet viirdrun fir den FC Jeunesse Junglinster schonn Spillpraxis an der 1. Divisioun gesammelt.

Wëllkomm an der Bärefamill, Pol, a bonne Chance am orangen Trikot!

Mir si Berbuerg!